Grousse Präis vun der BelschEnergieschock op der Ardennen-Achterbunn?

Serge Pauly
De Circuit vu Spa-Francorchamps gehéiert fir déi meescht Piloten a fir vill Fans zu deene schéinste Strecken op der Welt. Mä dëst Joer riskéiert d'F1 de Spa-Spaass e bësse verduerwen ze kréien.
Schonn um Donneschdeg hu sech vill Fans an der Boxegaass vu Spa gedréckt.
Schonn um Donneschdeg hu sech vill Fans an der Boxegaass vu Spa gedréckt.
© Formula One Management, Alberto Crippa

De ville Biergop a Biergof, déi séier fléissend Kéiere wéi d'"Double Gauche", Passagen, wou ee Courage brauch, wéi de "Raidillon": Dat alles dréit zur Faszinatioun vu Spa-Francorchamps bäi. Esou wäert den Isaak Hadjar e Sonndeg an eiser Streckebeschreiwung virun allem vum zweete Secteur schwäermen, vu "Les Combes” erof op "Stavelot". Dat wier dee beschte Passage am ganze Kalenner, esou de franséische Red-Bull-Pilot. Mä Spa huet ee Problem. An deen ass esou grouss, dass McLaren sech esouguer - Zitat - "ee Schock" erwaart. Grad ewéi virun zwou Wochen zu Silverstone suergt och zu Spa den Energiemanagement fir Kappzerbrieches.

Den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl erkläert: “Et ass e bëssen anescht wéi zu Silverstone, wou de gréisste Problem war, genuch Energie ze recuperéieren, well et u laange Bremszone feelt. Zu Spa ginn et genuch Bremszonen, et ka genuch recuperéiert ginn. Mä de Circuit ass iwwer 7 Kilometer laang, a verschidde Vollgas-Passage si wäit iwwer 20 Sekonne laang. Do ass de Problem: ‘wéi ginn ech do meng begrenzten Energie am beschten aus?’.” Virun allem zwee Passage maachen den Ingenieure Suergen: fir unzefänken déi éiweg laang Riicht vu “La Source” duerch d' ”Eau Rouge” bis “Les Combes”, an duerno déi laang gezunne Kéier “Blanchimont”. D’Ecurie wäerte Kompromësser musse maachen, fir déi limitéiert Energie esou effizient wéi méiglech anzesetzen. An d'Pilote wéi Norris oder Alonso fäerten, dass de Circuit fir si doduerch enorm u Reiz verléiert.
 

D'Favoritten: Rout oder Sëlwer?

Eng Ecurie kënnt ganz optimistesch an déi belsch Ardennen: Ferrari. D'Leclerc-Victoire zu Silverstone huet bewisen, dass séier fléissend Circuiten dem SF26 leien. Och den Dominique Riefstahl gesäit ee kloren Opwäertstrend bei deene Rouden: “Si brénge relativ reegelméisseg aktualiséiert Stécker fir hiren Auto. Déi Stécker funktionéieren och op Anhieb. Dat huet ee gesinn, deen neien Diffuser zu Silverstone huet gutt funktionéiert an huet den Topspeed kënnen hiewen. Si hunn hire Pneueverschläiss kënnen an de Grëff kréien. Taktesch gesinn, maache se wesentlech manner Feeler. A béid Pilote si mëttlerweil op enger Plaz ukomm, wou se soen, si sinn happy, si sinn zefridde wéi den Auto funktionéiert, a si fille sech wuel op hirer Plaz.”

Vläicht hätt de Mercedes-Pilot Kimi Antonelli virun zwou Woche Ferrari nach e Stréch duerch d'Rechnung kéinte maachen. Mä well eng aerodynamesch Ofdeckung futti goung, huet hien seng Juegd op de Leclerc missten ofbriechen. Hie koum zwar nach op d'Arrivée, mä och eisem Expert Riefstahl fält op, dass Mercedes dës Saison an néng Coursse schonn zweemol en techneschen Ausfall, en DNF (“did not finish”), ze bekloen hat : “Wann een elo zeréck kuckt, 2014, lescht grouss Reegelännerung, gouf et fënnef DNFen an der ganzer Saison. Mir sinn also duerchaus an der Norm, vläicht esouguer e bëssen drënner. Gläichzäiteg kann een erwaarden, dass bei den aktuelle Simulatiounsmethoden a bei der aktuelle Manéier een Auto ze konstruéieren, misst d’Fiabilitéit vun Haus aus méi héich sinn, wéi dat wat mir de Moment bei hinne gesinn. Doduerch ass d'Fro weiderhi legitim, op Mercedes sech eventuell selwer méi am Wee ass wéi aner Ecurien.”

Eppes op dat een sech zu Spa wierklech verloosse kann, dat ass de Reen. Fir d'Trainingen um Freideg sinn effektiv Schauere gemellt, op d'mannst fir d'Course e Sonndeg soll et awer dresche bleiwen. Soll...

Den Dominique erkläert: de Circuit vu Spa-Francorchamps

Spa-Francorchamps ass eis Hausstreck a genee esou wéi Leck-Baaschtnech-Leck: ee Monument! Fir 2026 gesäit d'Situatioun awer komplett anescht aus. Spa war ëmmer dee Circuit, wou déi fir d'Simulatiounen zoustänneg Persounen a Renningenieuren am meeschte matenee kollidéiert sinn. Déi eng hu fir e grousse Flillek plädéiert, fir am zweete Secteur mat senge ville séiere Kéiere maximal Appui ze hunn an den Auto optimal fir d'Ronnenzäit anzestellen. Déi aner hu genee dat verworf, well esou en Auto op der laanger  "Kemmel"-Riicht lues a vulnerabel ass. Genee dëse Kompromëss – an de Verglach tëscht Simulatioun an der Wierklechkeet – mécht de Reiz vun der Ingenieurskonscht zu Spa aus.

Mam 2026er Reglement gëtt dëse klassesche Kompromëss awer quasi op d'Kopp gestallt. Dank den neie Modie kënne béid "Schoule" gläichzäiteg Recht behalen: héijen Top-Speed op der Riichter an trotzdeem vill Appui an de Kéieren. Déi speziell Flilleken, déi fréier just zu Spa, Baku an heiansdo Monza agesat goufen, verléieren domat u Bedeitung. Amplaz verréckelt sech de Challenge op d'Ofstëmmung tëscht Traktioun a Stabilitéit iwwer e ganz breede Vitessberäich.

Eng kniwweleg Aufgab bleift awer: Eau Rouge. Well déi Passage net am Straight Mode gefuer gëtt, bleift d'Buedemfräiheet e kritesche Punkt. D'Kompressioun um Fouss vum Raidillon dréckt den Auto massiv an de Buedem a suergt nach ëmmer fir héije Verschläiss un der Holzplack – besonnesch am Qualifying. Den Auto muss dofir relativ héich agestallt ginn, wat en op de Riichten an an anere Passagen eigentlech ze héich mécht. Jee no Aero-Charakteristik kann dat de Chassis an Aarbechtsberäicher zwéngen, wou d'Aerobalance net optimal zu de Fuerderunge vum Circuit passt. Eng nei Zort Challenge – genee déi, déi Simulanten an Ingenieuren esou faszinéiert an zesummeschweesst.

© Mercedes-AMG Petronas F1 Team

Back to Top
CIM LOGO