Formel 1: Grousse Präis vun Abu DhabiVerstappen start virun Norris a Piastri vun der Pole Position

Jeff Birsens
Den Hollänner huet béid McLaren-Piloten am decisive Q3 vum Qualifying hannert sech gelooss.

E Samschdeg huet sech de Max Verstappen beim Grousse Präis vun Abu Dhabi d’Pole Position geséchert. De Red-Bull-Pilot war am Qualifying méi séier wéi de Lando Norris an den Oscar Piastri a behält sech domat weider eng relativ gutt Chance, sech de WM-Titel an der leschter Course vun der Saison e Sonndeg awer nach ze kropen.

Resumé

Fir déi dräi Kandidaten op de WM-Titel ass et am Qualifying drëms gaangen, sech eng gutt Ausgangspositioun, fir e Sonndeg ze sécheren. Voll Konzentratioun war also och schonn am Q1 gefrot, wou sech Norris, Verstappen a Piastri awer kee Feeltrëtt erlaabt hunn. Enttäuschung gouf et dogéint op en Neits beim Lewis Hamilton, deen a sengem Ferrari nach a leschter Sekonn vun der 15. op déi 16. Plaz gedréckt gouf. Nieft dem Britt war et och fir den Alexander Albon, Nico Hulkenberg, Pierre Gasly a Franco Colapinto schonn nom Q1 eriwwer. Wärend d’Favoritte sech och am Q2 näischt huele gelooss hunn, goufen hei den Oliver Bearman, Carlos Sainz, Liam Lawson, Kimi Antonelli a Lance Stroll eliminéiert. All d’Aen waren elo also op déi grouss Finall vum Dag, dem Q3, geriicht. Do huet de Max Verstappen dann eng staark Zäit opgestallt, déi vu béide Konkurrenten am McLaren mat engem Ecart vu méi wéi 0.2 Sekonnen net konnt geschloe ginn.

E Sonndeg fält an der leschter Course vun der Saison dann d’Decisioun am Kampf ëm de WM-Titel. Suivéiere kënnt Dir se wéi gewinnt live op RTL ZWEE an am Stream op RTL Play.

Wéi de Lando Norris, Max Verstappen oder den Oscar Piastri e Sonndeg jeeweils Weltmeeschter kënne ginn, kënnt Dir hei am Detail noliesen.

Impressioune vun Abu Dhabi

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025

D’WM-Wäertung

Back to Top
CIM LOGO