Den Iwwerbléck vum internationale Futtball2:2 tëscht Newcastle an Chelsea, Liverpool klappt Tottenham

RTL Lëtzebuerg
Donieft ass Real Sociedad net iwwert en 1:1 géint Levante erauskomm a Manchester City huet West Ham souverän geklappt.
Newcastle United's Brazilian midfielder #39 Bruno Guimaraes (C) vies with Chelsea's English midfielder #10 Cole Palmer (L) and Chelsea's Spanish defender #03 Marc Cucurella (R) during the English Premier League football match between Newcastle United and Chelsea at St James' Park in Newcastle-upon-Tyne, north east England on December 20, 2025. (Photo by ANDY BUCHANAN / AFP) / RESTRICTED TO EDITORIAL USE. NO USE WITH UNAUTHORIZED AUDIO, VIDEO, DATA, FIXTURE LISTS, CLUB/LEAGUE LOGOS OR 'LIVE' SERVICES. ONLINE IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO VIDEO EMULATION. SOCIAL MEDIA IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO USE IN BETTING PUBLICATIONS, GAMES OR SINGLE CLUB/LEAGUE/PLAYER PUBLICATIONS.
© ANDY BUCHANAN / AFP

An der Bundesliga huet Freiburg e verréckte Match zu Wolfsburg gewonnen a Leverkusen huet sech am Spëtzematch zu Leipzig duerchgesat.

Donieft waren a ganz Europa eng Rei Lëtzebuerger am Asaz, ënner anerem de Seid Korac bei Venedeg an de Mathias Olesen bei Greuther Fürth.

Premier League

Newcastle United - Chelsea 2:2
1:0 Woltemade (4'), 2:0 Woltemade (20'), 2:1 James (49'), 2:2 Pedro (66')

D’Haushäre ware vun Ufank un hellwaakreg a sinn duerch zwee Goler vum Woltemade verdéngt a Féierung gaangen. Chelsea huet am éischten Duerchgang kaum an de Match fonnt an hat defensiv ëmmer nees Problemer. No der Paus hunn d’Londoner dunn en anert Gesiicht gewisen. Een direkt verwandelte Fräistouss vum James huet Chelsea zréck an de Match bruecht, ier de Pedro eng Véierelsstonn drop ausgläiche konnt. An der Suite si béid Ekippe net méi dacks geféierlech virun de Gol komm, soudass ee sech um Enn d’Punkten deelt.

Manchester City - West Ham United 3:0
1:0 Haaland (5'), 2:0 Reijnders (38'), 3:0 Haaland (69')

Schonn no 5 Minutten huet den Haaland den 1:0 fir d’Citizens markéiert. D’Ekipp vum Pep Guardiola huet d’Kontroll iwwert de Match zu kengem Zäitpunkt hierginn a konnt kuerz virun der Paus verdéngt op 2:0 erhéijen. Nom Säitewiessel war et dunn eng ausgeglache Partie, an där och West Ham e puer Mol geféierlech virun de Gol komm ass. Eng 20 Minutte viru Schluss huet den Haaland de Match awer mat sengem zweete Gol decidéiert.

Tottenham - Liverpool 1:2
0:1 Isak (57'), 0:2 Ekitiké (66'), 1:2 Richarlison (83')

Tottenham war géint eng wackleg Ekipp vu Liverpool eng hallef Stonn laang besser am Match, bis de Xavi wéinst engem Foul vum Terrain gestallt gouf. An Iwwerzuel hunn d’Reds d’Spillkontroll iwwerholl, Golgeleeënheete sinn awer net dobäi erausgesprongen. No enger knapper Stonn konnt den Isak du vun engem Feeler am Spillopbau vun der Lokalekipp profitéieren an den 1:0 markéieren, bei deem hie sech allerdéngs blesséiert huet. Den Ekitiké huet kuerz drop per Kapp op 2:0 erhéicht, ma d’Spurs hu sech net opginn an hunn duerch de Richarlison eng 10 Minutte viru Schluss verkierzt. Fir méi sollt et um Enn awer net méi duergoen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Lazio Roum - Cremonese 0:0

Lazio huet sech géint dee staarken Opsteiger schwéier gedoen, fir sech Chancen erauszespillen. Déi bescht Chance hat den Jamie Vardy op Säite vu Cremonese no 50 Minutten, säi Kappball ass allerdéngs iwwert de Gol gaangen. Um Enn ass et esou bei engem gerechte Gläichspill ouni Goler bliwwen, soudass béid Ekippe weider just zwee Punkten an der Tabell trennen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Coupe de France: 1/32.-Finall

ASC Biesheim 0:3 Metz
0:1 Traoré (9'), 0:2 Traoré (47'), 0:3 Sané (65')

GSI Pontivy - Bastia 0:1
0:1 Tomi (79')

Bastia mam Florian Bohnert huet sech auswäerts beim Fënneftligist schwéier gedoen, um Enn kann ee sech awer duerch e Gol vum Tomi fir déi nächst Ronn vun der Coupe qualifizéieren. De Bohnert stoung beim Zweetligist Bastia an der Startformatioun a gouf no 72 Minutten ausgewiesselt.

La Liga

Real Oviedo - Celta Vigo 0:0

Levante - Real Sociedad 1:1
0:1 Kubo (45+1'), 1:1 De La Fuente (90+4', Eelefmeter)

Och nom Trainerwiessel ka Real Sociedad an der Liga nees net gewannen. Laang huet et nom Kubo sengem Kappball no der éischter Victoire zanter knapp engem Mount ausgesinn, ma an der Nospillzäit konnt den Opsteiger Levante duerch en Eelefmeter ausgläichen. Levante bleift domat Tabelleleschten, wärend d’Visiteuren elo op Plaz 16 stinn.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO