BundesligaFreiburg gewënnt geckege Match zu Wolfsburg, Leverkusen gewënnt zu Leipzig

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war an der Bundesliga d'Suite vum 15. Spilldag, no deem et fir d'Ekippen an d'Wanterpaus geet.
© DARIUS SIMKA / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

An den aneren Lige gouf et ënner anerem eng Victoire fir Liverpool géint Tottenham an e Gläichspill tëscht Newcastle an Chelsea.

Donieft waren eng ganz Partie Lëtzebuerger Futtballer am Asaz, dorënner de Seid Korac bei Venedeg an de Mathias Olesen bei Greuther Fürth.

Deen animéiertste Match hunn d’Spectateuren zu Wolfsburg ze gesi kritt, wou d’Haushären 3:4 géint Freiburg verluer hunn. Den Treu huet no 5 Minutte mat engem schéinen Ofschloss de Freiburger 1:0 geschoss, de Pejcinovic konnt awer kuerz dono mat sengem 1. Bundesliga-Gol ausgläichen. Direkt nom Säitewiessel huet de Pejcinovic vun engem Feeler vum Freiburger Golkipp Atubolu profitéiert an d’Partie gedréint. Och dësen Avantage sollt awer net laang halen, well de Grifo en Eelefmeter zum 2:2 verwandele konnt. No 70 Minutte huet de Pejcinovic d’Wëllef mat sengem 3. Gol vum Dag nees a Féierung bruecht, ma eng Minutt dono huet de Seelt op der anerer Säit mat engem Selbstgol fir den 3:3 gesuergt. An der 78. Spillminutt huet de Scherhant de Match dunn zu Gonschte vu Freiburg gedréint, an dat sollt um Enn den decisive Gol sinn.

Zu Hamburg gouf et een 1:1 tëscht dem HSV a Frankfurt. De Lokonga huet an der 18. Spillminutt vun engem Frankfurter Feeler am Opbau profitéiert an den 1:0 geschoss. Den HSV war zwar déi besser Ekipp, ma d’Frankfurter Äntwert huet net laang op sech waarde gelooss an no 26 Minutten huet de Larsson mam éischten Ofschloss vun de Gäscht ausgeglach. Am zweeten Duerchgang war Frankfurt dunn déi méi geféierlech Ekipp, et huet awer un Effizienz gefeelt, soudass et bis zum Schluss beim 1:1 bleiwe sollt.

An enger Partie mat wéinege Golchancen op béide Säiten huet Union Berlin sech duerch e spéide Gol 1:0 zu Köln duerchgesat. Duerch eng rout Kaart war Köln déi lescht 10 Minutten an Ënnerzuel geroden, an der Nospillzäit huet de Schäfer dunn no engem Corner den decisive Gol fir Union markéiert.

Donieft hu Stuttgart an Hoffenheim sech 0:0 getrennt, an och Augsburg a Bremen deele sech no engem 0:0 d’Punkten.

Am Owesmatch huet Leverkusen sech nach 3:1 zu Leipzig duerchgesat. D’Haushäre sinn no enger gudder hallwer Stonn duerch de Schlager a Féierung gaangen, ma d’Leverkusener hunn d’Partie nach virun der Paus duerch den Terrier an de Schick gedréint. Et war ee verdéngten Avantage fir d’Werkself, déi méi vum Spill hat a sech och déi méi geféierlech Occasiounen erausgespillt hat. Am zweeten Duerchgang gouf et du manner Aktiounen a béide Strofraim. Déi besser Chancen hat RB, ma d’Lokalekipp huet keng méi dovu genotzt. An der Nospillzäit huet de Culbreath d’Partie decidéiert a fir déi éischt Leipziger Heemdefaite vun der Saison gesuergt. Mat dëser Victoire zitt Leverkusen laanscht Leipzig op déi 3. Plaz, dat awer mat der selwechter Unzuel u Punkte wéi RB.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO