
E Méindeg de Moie war et schonn a verschiddene Medien ze liesen, elo ass et offiziell. De Philippe Diallo gëtt am Walkampf ëm den neie FIFA-President vun der UEFA als Konkurrent vum aktuelle President Gianni Infantino an d'Course geschéckt. Den 63 Joer alen Diallo ass zanter 2023 President vum franséische Futtballverband a Member vum UEFA-Exekutivcomité. Am Mäerz 2027 wäert hien also bei de Walen untrieden.
"De Philippe Diallo huet d'Invitatioun fir d'Kandidatur acceptéiert. Seng Kandidatur soll muer (en Dënschdeg, n.v.d.R.) am Kader vun enger Sëtzung vum FFF-Exekutivcomité offiziell confirméiert ginn", heescht et vum europäesche Kontinentalverband.
Domat ass och kloer, datt den Arsène Wenger net bei de Walen untriede wäert, wéi et Gerüchter an de leschte Wochen no ze liese war.