Spillofbroch a spuenescher La LigaPabeierfligeren a Protester vu Fans géint President a Stadionneibau

RTL Lëtzebuerg
D'Fans vu Rayo Vallecano sinn net frou mat hirem President an hunn dat mat kreative Protester zum Ausdrock bruecht. Dorënner huet awer de Match géint Bilbao gelidden.
D'Spiller vu Rayo Vallecano konnten net géint Atletic Bilbao untrieden.
© ALBERTO GARDIN/NurPhoto via AFP

An der spuenescher Liga gouf de Match tëscht Rayo Vallecano an Atletic Bilbao e Samschdeg ofgebrach. Dat wéinst kreative Protester vun de Vallecano-Fans. De Grond dofir ass e Sträit tëschent Zuschauer, Veräinsmemberen an de Clubcheffen. De Kommitee vu Rayo Vallecano wëll en neie Stadion baue loossen, well den aktuellen Terrain just Plaz fir 14.700 Leit bitt an och an d'Jore komm ass. Ausserdeem ginn et keng Ausbauméiglechkeeten.

D'Fans leenen en Neibau awer kategoresch of an hunn dat ë.a. mat Pabeierfligeren, déi si op den Terrain geworf hunn, zum Ausdrock bruecht. Doduerch huet den Arbitter decidéiert, de Match net unzepäifen. De President Raul Martin Presa, dee bei de Fans net ganz beléift ass, an aner Kommiteesmemberen hunn no dëser Aktioun an der Decisioun vum Arbitter vun engem "geplangten Attentat" geschwat.

D'Fans wëlle weider protestéieren an hiren ale Stadion am Aarbechtervéierel "Vallecas" vun der spuenescher Haaptstad Madrid erhalen. Hire Slogan ass: "Net mol Gott kritt eis vun hei ewech". Si wëllen och de President Presa lassginn, deen zënter 2011 knapp 98 Prozent vun de Clubaktië besëtzt.

De Match géint Atletic Bilbao sollt eigentlech den éischten offizielle Match am richtegen Doheem sinn. Déi aner Heemmatcher musst Vallecano wéinst hygieenesche Mängel am Stadion vum Noper Leganes ausdroen. De Summer iwwer war de Stadion gezwongenermoosse gebotzt ginn. Eng komplett Sanéierung vun den Installatiounen ass fir 2027 geplangt.

Back to Top
CIM LOGO