Conference LeagueBiissen spillt an der 2. Qualifikatiounsronn den Owend géint den ungaresche Champion Győri ETO FC

Joel Detaille
De Match gëtt um 20:15 Auer am Stade de Luxembourg ugepaff.
© Val Wagner

An der zweeter Qualifikatiounsronn fir d'Futtball Conference League spillt Biissen den Owend den Allersmatch géint den ungaresche Champion vu Győri ETO FC. Ustouss ass um 20:15 Auer am Stade de Luxembourg. De Retourmatch ass den 30. Juli um 19 Auer an Ungarn.

Sollt et no 2 Matcher fir déi Biisser en Tour weider goen, heescht de Géigner do entweder FC Riga oder Vardar Skopje. Dat huet den Tirage bei der UEFA e Méindeg erginn.

Back to Top
CIM LOGO