Méi Symbolik wéi BestrofungDe Cristiano Ronaldo muss just 255 Euro un d'portugisesch Federatioun bezuelen

Carine Lemmer
Andy Brücker
Hie verdéngt a sengem Veräin 400 Euro d'Minutt, deemno dierft him dat net all ze wéi doen.
© LEO BARRILARI/Odyssey Images via AFP

De Cristiano Ronaldo hat jo fréizäiteg den Trainingscamp vun der portugisescher Futtball-Nationalekipp verlooss, dat nodeems en e Sträit mam Nationaltrainer Jorge Jesus hat. Hie war rosen, well hie fir den Nations-League-Match géint Dänemark net an der Startformatioun sollt stoen. De 41 Joer ale Stiermer hat sech duerno bei de Supporteren a senge Matspiller entschëllegt, gläichzäiteg awer säi Konflikt mam Trainer ëffentlech gemaach. Portugal huet seng véier Matcher an der Nations League bis elo gewonnen an ass fir d'Véierelsfinalle qualifizéiert.

Elo gouf et eng symbolesch Strof.

De Ronaldo muss 255 Euro bezuelen an e gouf réckwierkend op den 30. September fir 30 Deeg gespaart. Dat heescht, hie kéint theoretesch nees bei den nächste Lännermatcher Mëtt November vun de Portugisen derbäi sinn.

Déi kleng Geldstrof dierft de Superstar och méi wéi verkraaften. Hie soll bei sengem saudi-arabesche Veräin ronn 4 Milliounen Euro d'Woch verdéngen. Dat wäre pro Minutt 400 Euro.

Back to Top
CIM LOGO