Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDavid Jonathans zitt et vun der Jeunesse bei den Nowuess vun Augsburg

RTL Lëtzebuerg
D'Escher Jeunesse huet den Transfert e Freideg am Nomëtteg matgedeelt.
© Jeunesse Esch

Aus dem Futtball ass et um Freideg d'Nouvelle, datt den David Jonathans mat effet immédiat vun der Jeunesse bei den FC Augsburg wiesselt. Wéi et am Schreiwes vun deenen Escher heescht, spillt hien an Zukunft fir d'U23-Ekipp vun Augsburg an der Regionalliga Bayern.

Domadder geléngt dem jonke Lëtzebuerger no engem hallwe Joer beim Veräin aus der BGL Ligue de Sprong bei e Veräin an der däitscher Bundesliga.

© nhh_prod
Schreiwes Jeunesse Esch

Back to Top
CIM LOGO