De Futtballstar Cristiano Ronaldo huet Parte beim spueneschen Zweetligist UD Almeria kaf, dat via seng Firma CR7 Sport Investments. Dat huet de Club en Donneschdeg bestätegt. Dem Ronaldo gehéieren deemno elo 25 Prozent vum Club, deen aktuell op drëtter Plaz an der zweeter spuenescher Liga steet, 3 Punkten hannert dem Leader Racing Santander. Den Opstig an déi iewescht Liga ass dat kloert Zil.
Déi saudiarabesch SMC-Group hält weiderhin d’Majoritéit vun de Parten un UD Almeria. Duerch deen Deal verdéift de Ronaldo seng geschäftlech Bezéiunge mat Saudi-Arabien, wou hie jo och zanter 2023 selwer spillt, dat bei Al Nassr.
De Ronaldo schreift an engem Statement, dass et scho laang säin Zil war, dem Futtball och nieft dem Terrain eppes zeréckzeginn. UD Almeria wier e Veräi mat enger zolitter Basis an engem klore Wuesstemspotential. Hie géif sech drop freeën, mam Management zesummenzeschaffen an déi nächst Wuesstemsphas vum Veräin z’ënnerstëtzen, deen 1989 gegrënnt gouf.