RTL-Informatiounen noDr. Philippe Wilmes krut vun HRS gekënnegt

Roy Grotz
Claude Zeimetz
E weidere Coup d'Eclat gëtt et am Fall ëm de provisoresch suspendéierten Orthoped Philippe Wilmes, dee bis den 22. Abrëll keng OPen dierf maachen.
© RTL Lëtzebuerg

Nodeems de Medezinner den 20. Januar provisoresch vum Robert Schuman Spidolsgrupp suspendéiert gi war, gouf dem Dokter RTL Informatiounen no lo gekënnegt. D’temporär Suspendéierung war wéinst dem Precautiounsprinzip par Rapport zu de Patiente geholl ginn. D’Direktioun vum Kierchbierger Spidol huet dës Decisioun eise Sourcen no op Basis vun medezinesche Fäll geholl, déi beleeën, datt dës Patienten net hätte missen um Knéi operéiert ginn.

Dëst stellt fir d’HRS-Responsabel e grave beruffleche Feeler an e gebrachent Vertrauensverhältnes duer, deen zum Kënnege vum Agrement vum Dr. Wilmes gefouert huet, deen op de Mäerz 2013 datéiert. De Chirurg ka Recours géint dës Decisioun um Aarbechtsgeriicht aleeën.

Parallel leeft um Niveau vum Collège Médical eng disziplinaresch Enquête géint den Dokter Wilmes, iwwerdeem bis Enn Abrëll dräi Experten dermat chargéiert sinn, d’presuméiert medezinesch Feeler vum Dokter opzeschaffen an hire Rapport der Santésministesch Deprez ze ginn.

Béid Prozedure lafen onofhängeg a separat vuneneen.

Back to Top
CIM LOGO