Champions LeagueUEFA confirméiert Spär fir den Gianluca Prestianni

RTL Lëtzebuerg
Nom Rassismus-Eklat tëscht Lissabon a Real Madrid ass de Spiller vu Benfica fir de Retour definitiv gespaart an de Protest vun de Portugisen domat refuséiert ginn.
SL Benfica's Argentine forward #25 Gianluca Prestianni argues with Real Madrid's Brazilian forward #07 Vinicius Junior during the UEFA Champions League knockout round play-off first leg football match between SL Benfica and Real Madrid CF at Estadio da Luz in Lisbon on February 17, 2026.
Tëscht Benfica a Real war et zu groussen Diskussioune ronderëm presuméiert rassistesch Beleidegunge komm
© AFP

Den Gianluca Prestianni vu Benfica Lissabon dierf e Mëttwoch Owend net de Playoff-Retourmatch géint Real Madrid spillen. Dat huet d’Kontroll-, Ethik- an Disziplinarkummer vun der UEFA decidéiert. Den Argentinier bleift “virleefeg” gespaart. D’Strof, déi e Méindeg gesprach gi war, gëllt, egal wéi d’Decisioun vun den UEFA-Disziplinargremien an der lafender Enquête géing ausfalen, sou d’UEFA an engem Statement.

Beim Allersmatch, dee Madrid 1:0 zu Lissabon gewonnen hat, war et zu engem Eclat komm tëscht dem Prestianni an dem Vinicius Junior, nodeems dee fir Madrid markéiert hat. Den 20 Joer ale Spiller vu Benfica soll de Brasilianer rassistesch beleidegt hunn.

Kuckt hei déi betreffend Zeenen:

Den 1:0 duerch de Vinicius Jr an Ënnerbriechung no méiglechem Fall vu Rassismus
Nodeems de Vinicius Jr den 1:0 geschoss hat, huet de Brasilianer beim Arbitter eng méiglech rassistesch Ausso vum Gianluca Prestianni vu Benfica reklaméiert.

D’Partie tëscht Real Madrid a Benfica Lissabon gesitt Dir den Owend live op RTL ZWEE:

Back to Top
CIM LOGO