
Um Dënschdeg Owend sinn déi éischt Retourmatcher vun den Champions-League-Playoffe gespillt ginn.
Bodø/Glimt huet sech am San Siro-Stadion géint Inter mat 2:1 behaapt a konnt sech no der 3:1-Victoire am Allersmatch um Enn souverän fir den nächsten Tour qualifizéieren. Den Hauge war mat engem Gol an enger Virlag de wichtegste Spiller fir d’Norweger.
Nieft Bodø/Glimt hu sech och nach Leverkusen an Newcastle fir den nächsten Tour qualifizéiert. Newcastle konnt no der klorer Victoire am Allersmatch och de Retour géint Qarabag gewannen. Leverkusen ass doheem en 0:0 géint Olympiacos duergaangen.
Am fréien Owend huet sech Atletico géint Bruges fir d’Aachtelsfinalle qualifizéiert. Mann vum Match war den Alexander Sörloth, deen dräi Goler markéiert huet.
D’Aachtelsfinalle ginn den 10./11. an de 17./18. Mäerz gespillt. D’Auslousung fir déi nächst Ronn ass um Freideg (27.2.).
Inter - Bodø/Glimt 1:2
0:1 Hauge (58'), 0:2 Evjen (72'), 1:2 Bastoni (76')
Inter wollt vun Ufank un de Retard aus dem Allersmatch ophuelen a konnt sech eng Rei Méiglechkeeten erausspillen. Den Esposito (3',9'), den Dimarco (12') an den Thuram (15') ware virum Gol net präzis genuch. Inter huet weider gedréckt an hat no 26 Minutten aacht Mol op de Gol geschoss, d’Norweger net eemol.
Bodø/Glimt stoung defensiv kompakt an huet den Italieener d’Raim ganz enk gemaach, esou datt et schwéier war, fir kloer Chancen erauszespillen. An der 28. Minutt gouf et déi bescht Chance vun der 1. Hallschent. Den Haikin konnt e Kappball vum Frattesi mat engem gudde Reflex paréieren. D’Gäscht koumen an der 36. Minutt eng éischte Kéier virun de Gol. De Kappball vum Evjen war awer kee Problem fir de Sommer. Trotz optescher Iwwerleeënheet fir Inter goung et mam 0:0 an d’Kabinnen.
Nom Säitewiessel ass et weidergaange wéi an den éischte 45 Minutten. Inter huet d’Spill gemaach an d’Norweger hu verdeedegt a just kleng Chancen zougelooss. An der 58. Minutt konnten d’Gäscht hier zweet Méiglechkeet notzen. No engem Feeler vum Akanji ass de Blomberg nach um Sommer hänke bliwwen, den Hauge konnt den Noschoss erasetzen.
D’Confiance war op der Säit vu Bodø/Glimt an Inter huet bësse gebraucht, fir sech vum Géigegol ze erhuelen. An der 69. Minutt gouf et déi grouss Chance op den Ausgläich, den Akanji hat awer just de Potto getraff an den Noschoss vum Thuram goung laanscht. Op der anerer Säit konnt den Evjen no enger flotter Pass vum Hauge op 2:0 erhéijen.
Inter huet net opginn a koum an der 76. Minutt duerch de Bastoni op 1:2 erun. An der Schlussphas huet d’Heemekipp alles no vir gehäit, d’Gäscht si weiderhi kompakt bliwwen an hunn net méi vill zougelooss. Et sollt beim 2:1 bleiwen. Fir Bodø/Glimt geet an den Aachtelsfinalle weider, Inter ass dogéint eraus.
Atletico Madrid - Bruges 4:1
1:0 Sörloth (23'), 1:1 Ordonez (36'), 2:1 Johnny (48'), 3:1 Sörloth (76'), 4:1 Sörloth (87')
Leverkusen - Olympiacos 0:0
Newcastle - Qarabag 3:2
1:0 Tonali (4'), 2:0 Joelinton (6'), 2:1 Duran (50'), 3:1 Botman (52'), 3:2 Jafarguliyev (57')
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.