
Fir de Kont vum 15. Spilldag an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball-Championnat huet sech d’Jeunesse mat 1:0 beim Progrès Nidderkuer duerchgesat. No enger roueger Ufanksphas hunn d’Gäscht vun Esch no gutt zéng Minutten d’Rudder an d’Hand geholl a konnten an der 36. Minutt duerch eng staark Eenzelaktioun vum Klica verdéngt a Féierung goen. Am selwechten Tempo ass d’Jeunesse dann och aus der Paus an déi zweet Hallschent gestart, an där dem Progrès gréisstendeels näischt am offensive Spill agefall ass. De Gol vum Flick an der 92. Minutt huet dann den Deckel dropgemaach an den Escher déi dräi Punkte geséchert.
E Sonndeg ginn dann déi weider Matcher vum 15. Spilldag gespillt.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Nidderkuer - Jeunesse 0:2
0:1 Klica (36'), 0:2 Flick (90+2')