Virschau op d'Futtball-WM: Grupp CDominik Stolz: "Brasilien gehéiert fir mech aktuell net zu de ganz groussen Titel-Favoritten"

Steven Milbert
Véier Ekippen, véier Kontinenter an ee klore Favorit: Am Grupp C trëfft Brasilien op Marokko, Schottland an Haiti. Fir den Dominik Stolz ass d’Seleção zwar de Favorit op d’Gruppevictoire, mä net onbedéngt op de WM-Titel.
© RTL Graphik

Wann den Numm Brasilien op enger Futtballweltmeeschterschaft fält, denkt ee séier u Spektakel, Weltklassespiller an natierlech u vill Titelen. Fënnef Mol konnt d'Seleção d'WM scho gewannen, woumat Brasilien de Rekordweltmeeschter ass. Och 2026 geet d'Ekipp nees als Favorit an hire Grupp. Am Grupp C waarden op d'Brasilianer Marokko, Schottland an Haiti.

Trotzdeem gesäit den Dominik Stolz, deen zënter Joren am Lëtzebuerger Futtball aktiv ass an den Ament fir de Stater Racing op Gol-Juegd geet, Brasilien net méi op deem Niveau, wéi nach e puer Generatioune virdrun: „Mäin Tipp ass, datt Brasilien de Grupp gewanne wäert. Dono wäerte sech Schottland a Marokko menger Meenung no en enke Kampf ëm déi zweete Plaz liwweren. Haiti gesinn ech dogéint als kloren Aussesäiter an dësem Grupp. Fir mech ass d'Warscheinlechkeet héich, datt si schonn no der Gruppephas nees mussen heemfueren“, sou den däitsche Stiermer Stolz, deen dëst Joer an der BGL Ligue 8 Goler schéissen an der 3 opleeë konnt.

© RFCUL - Instagram

Brasilien mat vill Qualitéit an awer keen Angschtgéigner méi

D'Erwaardungen u Brasilien sinn, ewéi virun all Weltmeeschterschaft, ganz grouss. Esou ass de Kader och dëst Joer nees gutt besat, mat ënner anerem Spiller wéi de Vinicius Junior, Raphinha, Marquinhos, Bruno Guimarães oder Neymar. Trotzdeem gëtt d'Seleção den Ament en anert Bild of, ewéi an de Jore virdrun: De ganz grousse Glanz, deen déi fréier Generatioune mat sech bruecht hunn, ass elo net méi onbedéngt do. Dëst och doduerch bedéngt, datt een net méi all Positioun mat Weltklassespiller besetze kann. A genee do gesäit och den Dominik Stolz den Ënnerscheed zu fréiere brasilianeschen Ekippen: „Brasilien gehéiert fir mech aktuell net zu de ganz grousse Favoritten. D'Ekipp huet net méi déi aussergewéinlech Unzuel u Weltklassespiller wéi fréier Generatiounen. Sollt Brasilien am Laf vum Turnéier op Däitschland treffen, da géif ech déi däitsch Ekipp als klore Favorit gesinn.

Eng Ausso, déi bei ville brasilianesche Fans wuel net gutt ukomme wäert, mä se weist och, datt Brasilien op der WM 2026 net onbedéngt als oniwwerwannbare Favorit an den Turnéier geet.

Wéi eng Roll spillt den Neymar nach?

Den Ament suerge Froe ronderëm d'Persoun vum Neymar fir vill Opreegung an der brasilianescher Nationalekipp. Esou besteet d'Gefor, datt de brasilianesche Superstar net rechtzäiteg fit wäert si fir den Ufank vun der WM an hie senge Faarwen doduerch wuel an deenen éischte Matcher feele wäert. Den Trainer vun der Seleção, de Carlo Ancelotti, hat op enger Pressekonferenz ugangs Juni och ugedeit, datt een net presséiert wier, fir den Neymar op Däiwel komm raus an der Startformatioun missen ze hunn. E Saz, dee beweist, datt den Neymar dëst Joer op der WM wuel eng fir hien onbekannt Roll anhuele wäert: Jorelaang war de Superstar d'Gesiicht an de Féierungsspiller vun der brasilianescher Nationalekipp, mä no senger laanger Verletzungspaus a sengen ëmmer nees zeréck kommende Blessuren, wäert hie sech wuel oder iwwel mat der Roll als Ergänzungsspiller zefridde musse ginn.

© Thiago Ribeiro / AGIF / AGIF VIA AFP

Dëst gesäit och den Dominik Stolz esou, fir deen den Neymar aktuell net méi dee Spiller ass, ronderëm dee sech déi brasilianesch Ekipp opbaut: "Den Neymar ass fir mech aktuell kee Féierungsspiller. Ech gesinn aner Spiller wéi de Raphinha oder de Marquinhos däitlech méi an dëser Verantwortung. Trotzdeem dierf een net vergiessen, datt den Neymar och haut nach mat enger eenzeger Aktioun den Ënnerscheed maache kann." Dem Stolz no wier den Neymar also net méi de Chef vun der Ekipp, mä e Spiller, dee mat engem geniale Moment nach ëmmer e Match eleng decidéiere kann. Fir Brasilien kéint deemno genee dat am Laf vum Turnéier extrem wichteg ginn.

Marokko wëll beweisen, datt 2022 keen Zoufall war

Hannert Brasilien dierft sech am Grupp C virun allem tëscht Marokko a Schottland e spannenden Duell ëm déi zweete Plaz am Grupp entwéckelen. D'Marokkaner kommen dobäi mat enger gewësser Euphorie an den Turnéier: Esou konnten d'Atlas-Léiwen de leschten Afrika-Cup, wann och um gréngen Dësch, fir sech entscheeden an och op der WM 2022 am Katar konnt de Marokko Futtballgeschicht schreiwen: D'Marokkaner konnte bis an d'Halleffinall anzéien, e Succès, dee virdrun nach kenger afrikanescher Ekipp gelonge war. Dat soll hinne fir dëst Joer Réckewand ginn a vill Experte behaapten, datt Marokko och dëst Joer eng Ekipp ass, déi een net ënnerschätze soll. Mat Spiller wéi Achraf Hakimi, Sofyan Amrabat oder Yassine Bounou ass de Kader international erfueren an doriwwer eraus huet de Kader och vill jonk Spiller, déi gewëllt sinn, hiert Häerz um Terrain ze loossen. Fir den Dominik Stolz ass Marokko dogéint just e One-Hit-Wonder gewiescht: "De Marokko huet eng gutt Ekipp, déi onangeneeme Futtball spillt, mä ech gleewen net, datt si bei dëser Weltmeeschterschaft ganz wäit komme wäerten. Aus menger Siicht ass de Senegal déi stäerksten afrikanesch Ekipp. Fir de Grupp C trauen ech dem Marokko awer déi zweete Plaz an domat den Anzuch an d'K.O.-Phas zou.

De Match géint Schottland kéint domat fir de Marokko ee vun de wichtegste Momenter an dësem Grupp ginn. Géint Brasilien ass een net Favorit, géint Haiti muss ee gewannen, mä géint Schottland kéint sech entscheeden, wéi gutt d'Ausgangspositioun fir d'K.o.-Phas wierklech gëtt.

Schottland zréck op der grousser Bün

Fir Schottland ass dës Weltmeeschterschaft schonn elo eppes Besonnesches. Esou hunn d'Schotte ganzer 28 Joer misse waarden, bis datt sech hir Tartan Army nees fir eng Weltmeeschterschaft qualifizéiere konnt. Huet ee sech op der leschter WM 1998 a Frankräich scho missen no 3 Matcher als Gruppeleschte verabschiden, esou sinn d'Erwaardungen dëst Joer e bësse méi héich an et hofft een, fir no de Stäre gräifen ze kënnen. An déi lescht Resultater ginn de Schotte Recht. Kuerz virum Turnéier huet d'Ekipp vum Steve Clarke mat enger 4:0-Victoire géint Bolivien nach eng Kéier Selbstvertraue gesammelt an op sech opmierksam gemaach.

Mat Spiller wéi Andy Robertson, Scott McTominay oder John McGinn huet Schottland genuch Qualitéit an Erfarung, fir Marokko ënner Drock setzen ze kënnen. Déi grouss Fro ass awer, ob et duergeet, fir bei enger WM endlech eng Gruppephas kënnen ze iwwerstoen. Bis elo ass Schottland bei enger Weltmeeschterschaft nämlech nach ni iwwert déi éischt Ronn erauskomm.

Haiti als Aussesäiter mat enger spezieller Geschicht

Fir Haiti ass d'Participatioun u sech schonn ee grousse Succès. Esou ass d'Karibik-Natioun fir d'éischt zënter 1974 nees bei enger Weltmeeschterschaft dobäi. Allerdéngs war schonn de Wee fir d'Haitianer op d'WM alles anescht wéi einfach. Wéinst der onsécherer Situatioun am Land an der Gewalt zu Port-au-Prince konnten d'Les Grenadiers hir Heemmatcher an der Qualifikatioun net am eegene Stadion spillen an hunn dës missen op neutralem Terrain an anere Länner spillen.

Sportlech gesäit den Dominik Stolz Haiti awer däitlech hannert deenen aneren dräi Ekippen: "Den Haiti ass fir mech de kloren Aussesäiter an dësem Grupp an huet menger Meenung no kaum Chancen op e Weiderkommen. Ech halen et esouguer fir méiglech, datt d'Ekipp d'Gruppephas ouni Punktegewënn ofschléisst.“ Fir Haiti, dat souwisou näischt ze verléieren huet, wäert et also virun allem dorëms goen, sech gutt ze presentéieren a Feeler vun deenen aneren dräi Formatiounen äiskal auszenotzen. Um Pabeier schéngt d'Aufgab awer immens schwéier. E Bléck op de Kader weist, firwat Haiti als Aussesäiter an de Grupp geet. Am Verglach mat Brasilien, Marokko oder Schottland feelen déi grouss Nimm, och wann d'Ekipp mat e puer Profien aus Europa an Nordamerika duerchaus international Erfarung matbréngt.

© Chandan Khanna / AFP

De Favorit ass kloer, mä d'Spannung bleift

De Grupp C huet domat an den Ae vum Dominik Stolz eng kloer Ausgangslag: Brasilien ass de Favorit op déi éischt Plaz. Marokko a Schottland kämpfen ëm d'Positioun hannert der Seleção, an Haiti geet als groussen Aussesäiter an den Turnéier. Trotzdeem ass dëse Grupp net ouni Spannung. Brasilien muss den héijen Erwaardunge gerecht ginn, Marokko wëll weisen, datt d'Halleffinall vun 2022 kee Zoufall war, Schottland wëll no 28 Joer Abstinenz méi wéi just dobäi sinn an Haiti wëll deene Groussen am Kampf ëm den Titel e Been stellen.

Dräi Froen un den Dominik Stolz

Wie gëtt Weltmeeschter?
Wie gëtt déi gréissten Iwwerraschung?
Wiem drécks du d'Daumen?

Infoen iwwer de Grupp C

De Spillplang
D'Favoritten am Grupp
Dräi Fakten iwwer de Grupp

Maacht mat bei eiser Ëmfro

Back to Top
CIM LOGO