
Et war de 4. Spilldag vum Titel-Playoff, an deem de Racing sech jo schonn de Championstitel geséchert hat.
Hei gouf et e Samschdeg eng 2:0-Heemvictoire vun Hesper géint Déifferdeng. Domat huet de Swift bei nach zwee verbleiwende Spilldeeg just nach zwee Punkte manner wéi d'Spillerinne vun Déifferdeng, woumat et nach eng Lutte ëm déi 2. Plaz wäert ginn.
Donieft huet de Racing sech 2:0 zu Jonglënster behaapt, déi domat sou gutt wéi sécher op Plaz 4 landen.
Am Ofstig-Playoff gouf et um 4. an hei virleschte Spilldag eng däitlech 8:0-Victoire fir Dikrech géint Käerjeng. Béid Ekippen hate virdru just 3 Punkte getrennt. Elo steet fest, dass Käerjeng op Plaz 5 vu 6 vum Grupp lande wäert.
Ell huet sech iwwerdeems 11:0 géint d'Entente WMH behaapt a Beetebuerg huet Mamer 1:0 geklappt.