
Fir de Kont vum 26. Spilldag war d’Partie Bayer Leverkusen géint Bayern München d’Haaptaffiche vum Dag. E Spëtzematch, deen alles ze bidden hat. Spektakel, oferkannt Goler an um Enn stounge bei de Bayern just nach 9 Mann um Terrain. No Goler vu Garcia an Diaz goung déi kuckenswäert Partie mat engem 1:1 op en Enn.
Doniet gouf et Victoirë fir Frankfurt an Dortmund, wärend den Tabellendrëtten Hoffenheim zu Wolfsburg e Punkt hänke gelooss huet. Am Owesmatch hunn den HSV an den 1. FC Köln 1:1 gedeelt.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga
Liest dozou och:
Den FC Burnley a Bournemouth sinn um 30. Spilldag vun der Premier League net iwwert en 0:0 erauskomm. Brighton & Hove Albion war 1:0 bei den AFC Sunderland wannen. Arsenal London setzt sech mat 2:0 géint Everton duerch, wärend Newcastle 1:0 bei Chelsea wanne geet.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Inter Mailand huet sech um 29.Spilldag mat engem 1:1 géint Atalanta Bergamo net déi erhofften dräi Punkte geséchert. D’Nerazzurri bleiwen domat zwar un der Tabellespëtzt virum éiwege Rival Milan, deen e Sonndeg awer op 5 Punkte kann erukommen.
Napoli war doheem fréi géint Lecce a Réckstand geroden, déi méi vum Match haten an der éischter Hallschent. Nom Téi konnt d’Haushären awer séier ausgläichen an um Enn mat 2:1 gewannen.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
26. Spilldag a Frankräich. Den FC Lorient setzt sech mat 2:1 géint den RC Lens duerch, dee mat enger Victoire de PSG un der Spëtzt vun der Tabell hätt kënnen ofléisen. Lorient klëmmt virleefeg ëm zwou Plazen op d'8.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
Um 28. Spilldag huet den FC Girona sech mat 3:0 géint Bilbao duerchgesat. Atletico Madrid konnt sech 1:0 géint den FC Getafe behaapten.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga