
De Spëtzematch vum 26. Spilldag ass zu Leverkusen gespillt ginn, wou d’Haushäre géint den Tabelleleader vu München fréi duerch den Aleix Garcia a Féierung gaange sinn, nodeems den Tah deem säi Schoss onglécklech deviéiert hat. Kuerz virun der Paus sollt den Nicolas Jackson no engem grave Foul mat Rout vum Terrain fléien. An der zweeter Hallschent hat no enger Stonn e Gol vum grad agewiesselten Harry Kane net gezielt. An der 69. Minutt huet de Luis Diaz dunn awer no engem Konter ausgeglach fir den FCB. An enger monterer zweeter Hallschent ass erop an erof gaangen. No 84 Minutte dunn déi giel-rout Kaart fir den Diaz. An der zweeter Minutt vun der Nospillzäit ass nach e Gol vum Hoffmann no Abseits zréckgepaff ginn, um Enn sollt et awer beim 1:1 bleiwen.
Keng Problemer hat Borussia Dortmund, fir sech géint den FC Augsburg duerchzesetzen. No 13 Minutten hat de Karim Adeyemi seng Faarwen a Féierung bruecht, no der Paus huet de Luca Reggiani an der 59. Minutt e Corner zum 2:0 eragekäppt. Kloer Victoire fir de BVB, deen domat seng zweet Plaz an der Tabell festegt.
Eintracht Frankfurt hat den Tabelleleschten Heidenheim op Besuch an huet sech no engem Gol vum Arnaud Kalimouendo mat 1:0 duerchgesat. An der 73. Minutt ass de Frankfurter Robin Koch mat Giel-Rout vum Terrain geflunn.
Hoffenheim hat Wolfsburg mam neien Trainer Dieter Hecking op Besuch. D’Wëllef konnten an der 64. Minutt duerch de Koulierakis a Féierung goen, den Ausgläich ass no 83 Minutten dem Prömel gelongen. D’TSG bleift domat virleefeg op Plaz 3 an der Tabell.
Um 18.30 Auer spillt den HSV géint den 1. FC Köln.
E Sonndeg spillt um 15.30 Auer Bremen géint Mainz, um 17.30 Auer trëtt Union Berlin zu Freiburg un an um 19.30 Auer schléisse Stuttgart a Leipzig de 26. Spilldag vun der däitscher Futtball-Bundesliga of.
E Freideg den Owend hat sech Borussia Mönchengladbach no Goler vu Stöger an Honorat mat 2:0 géint den FC Sankt Pauli duerchgesat. De Lëtzebuerger Danel Sinani stoung déi 90 Minutte fir Pauli um Terrain.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.