Déidlech Schéisserei zu WashingtonTäter soll Urgentist gewiescht sinn, dee rosen iwwer d'Maintenance vu senger Wunneng war

AFP
Schusswaffenvorfall in Washington: Polizei identifiziert Schützen als verärgerten Mieter
Nach dem Schusswaffenvorfall in Washington mit einem Toten hat die Polizei den Angreifer identifiziert. Bei dem Schützen habe es sich um einen verärgerten Mieter gehandelt, sagte der örtliche Polizeichef Jeffery Carroll.
Nach dem Schusswaffenvorfall in Washington mit einem Toten hat die Polizei den Angreifer identifiziert. Bei dem Schützen habe es sich um einen verärgerten Mieter gehandelt, sagte der örtliche Polizeichef Jeffery Carroll.
© AFP

No der Schéisserei zu Washington mat engem Doudegen huet d'Police den Ugräifer identifizéiert. De presuméierten Täter soll ee rosene Locataire gewiescht sinn, sot de lokale Policechef Jeffery Carroll en Donneschdeg (Lokalzäit) viru Journalisten. De 55 Joer ale Mann wier am Dauersträit mat de Proprietäre vu sengem Wunnhaus gewiescht. Bei Sträit wier et ëm Maintenanceaarbechte gaangen.

Bei dem Virfall an engem räiche Quartier am Zentrum vun der US-Haaptstad Washington war ee Mënsch ëm d'Liewe komm. Véier weider Persoune goufe beim Virfall an engem Fitnessstudio blesséiert. D'Schëss wieren der Police no am Staddeel Logan Circle gefall, dat just gutt annerhallef Kilometer vum Wäissen Haus fort ass. De Virfall huet an der Haaptstad deemno och e groussen Asaz ausgeléist.

Den Ugräifer wier een Dokter an der Urgence gewiescht, sot de Carroll weider. Hien huet deemno de 46 Joer alen Hausverwalter an engem gutt besichte Fitnessstudio erschoss, deen am nämmlechte Gebai war. Duerno huet den Täter sech a senger Wunneng am siwente Stack verschanzt.

Vu sengem Balcon aus hätt hien dunn op Mënschen an der Strooss geschoss an dobäi véier Mënsche blesséiert. Ee vun de Blesséierte wier dem Carroll no nach a Liewensgefor. D'Blessure vun den aneren Affer wieren awer net liewensgeféierlech. Wéi d'"Washington Post" bericht, wieren ënnert de Blesséierten och Aarbechter vun engem Chantier net wäit fort gewiescht.

Den Ugräifer hätt dem Carroll no och op op d'mannst zwee Polizisten duerch seng Wunnengsdier geschoss. Duerno hätt hie seng Wunneng a Brand gesat a sech selwer erschoss. Hie gouf nach um Tatort fir dout erkläert.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu

Back to Top
CIM LOGO