
Wéi et op der Plattform "Downdetecor" geheescht huet, huet sech d'Stéierung bannent enger Stonn weltwäit ausgebreet an huet Microsoft-Déngschter a 74 Länner a Regioune betraff. Och zu Lëtzebuerg si Stéierunge méiglech. Wéi et vu Microsoft heescht, sinn d'Mesuren, fir de Probleem ze behiewen, "net wéi erhofft" verlaf.
Fir d'éischt hat Microsoft just Stéierungen aus Amerika ënnersicht. Méi spéit huet den US-Softwarekonzern du matgedeelt, datt d'Verbindungsproblemer User vu Microsoft-365-Déngschter an alle Weltregioune kéinte betreffen. Och beim Kommunikatiounsdéngscht Microsoft Teams an dem KI-Assistent Copilot huet d'Plattform Dausende Stéierungsmeldunge registréiert. Béid gehéieren zu Microsoft 365.
Eng Kaart, déi Downdetector op X gedeelt huet, huet méi spéit gewisen, datt d'Ausfäll User an Nord- a Südamerika an och an Deeler vun Europa, Asien an Afrika betraff huet. An den USA huet sech d'Stéierung iwwer iwwert ee Groussdeel vum Aarbechtsdag gaangen.
Vun Downdetector heescht et, datt géint 19 Auer MEZ knapps 130.000 Probleemer mat Outlook gemellt goufen. Géint Mëtternuecht waren et nach ronn 37.000 Meldungen. Vu Microsoft heescht et, "een Deel vun der Infrastruktur an e puer Regiounen" wieren "enger erhéichter Auslaaschtung ausgesetzt" gewiescht, Dat hätt "warscheinlech zu de Verbindungsfeeler" bäigedroen, huet d'Entreprise op X erkläert. "Mir suivéiere mat Héichdrock all d'Méiglechkeeten, d'Auswierkungen ze reduzéieren."