Zwee Méint no Afrika CupMarokko zum Gewënner erkläert

RTL Lëtzebuerg
Déi afrikanesch Futtballfederatioun huet erkläert, dass Senegal den Titel oferkannt kritt, well d'Ekipp kuerz viru Schluss vum Match den Terrain onerlaabt verlooss hat.
Senegal huet d'Victoire oferkannt kritt a muss d'Coupe zeréckginn
Senegal huet d’Victoire oferkannt kritt a muss d’Coupe zeréckginn
© PAUL ELLIS/AFP

Viru ronn zwee Méint hat Senegal d’Finall vum Afrika Cup 1:0 géint Marokko gewonnen. Déi afrikanesch Futtballfederatioun CAF huet en Dënschdeg den Owend annoncéiert, dass Marokko den Titel vum Afrikameeschter zougesprach kritt.

De Grond: Senegal hat den Terrain verlooss, wéi Marokko kuerz viru Schluss en Eelefmeter accordéiert kritt hat. Den Nationaltrainer Pape Thiaw hat seng Ekipp an d’Kabinne geschéckt an eréischt no enger Partie Minutten erëm op den Terrain goe gelooss. Dëst war e Verstouss géint den Artikel 84 vun der afrikanescher Futtballuerdnung, géint dee Marokko Beruffung ageluecht hat.

Am Communiqué heescht et, dass d’Commission d’appel vun der CAF decidéiert huet, datt geméiss Artikel 84 vum Reglement d’Partie fir de Senegal als verluer gëllt an d’Resultat mat 3:0 zugonschte vun der Fédération Royale Marocaine de Footbal RFMF ausfält.

Déi afrikanesch Futtballfederatioun huet ausserdeem matgedeelt, datt keen Asproch méiglech wier géint déi Decisioun. Domat bleift Senegal just nach d’Méiglechkeet, virun dat héchste Sportsgeriicht CAS ze zéien.

Back to Top
CIM LOGO