
Nom Florian Bohnert war och dem Enes Mahmutovic seng Ekipp, NAC Breda, an e Spillofbroch verwéckelt. Beim Stand vun 2:0 fir Breda géint Heerenveen gouf de Match kuerz viru Schluss wéinst Konfrontatiounen tëscht de Spectateuren op der Tribün ënnerbrach an duerno ofgebrach. Och wa Breda d'Punkte behale sollt, huet dat keng Auswierkunge méi op säin Ofstig. De Mahmutovic stoung bis zum Ofbroch um Terrain.
Fir Almelo steet scho méi laang fest, dass si aus der Eredivisie falen. Um 33. Spilldag gouf et déi 24. Néierlag fir d'Ekipp vum blesséierten Yvandro Borges.
Ouni Spillofbroch a mat enger Victoire goung de Match vum Sébastien Thill iwwer d'Bün. Stal Rzeszow huet sech um 32. Spilldag 2:1 géint Pogon Siedlce behaapt. De Lëtzebuerger Nationalspiller koum an dësem Match awer net an den Asaz.
Am Match tëscht Bastia a Le Mans koum et an der Schlussphas zu turbulenten Zeenen an zu enger minuttelaanger Ënnerbriechung. Well d'Lokalekipp hanne louch, wat den Ofstig fir Bastia bedeit, hunn d'Spectateure Liichtrakéiten an aner Knupperten op den Terrain gehäit, soudatt de Match fir d'éischt ënnerbrach an duerno komplett ofgebrach gouf. De Florian Bohnert koum de ganze Match iwwer net an den Asaz.
Le Mans huet de Match provisoresch 2:0 gewonnen an huet den Opstig an d'Ligue 1 esou gutt wéi sécher, wann d'Resultat bestoe bleift. Wat fir e Resultat um Enn Bestand huet a wat fir Sanktiounen et géint Bastia gi wäert, decidéiert sech no der Entrevue vun der Disziplinarkommissioun vun der Ligue de football professionel e Mëttwoch.
De Mathias Olesen stoung beim Grazer AK vun Ufank un um Terrain, huet an der 19. Minutt awer missen ausgewiesselt ginn. Seng Ekipp louch bis an déi 87. Minutt 0:2 géint Altach hannen, duerno ass et der Heemekipp awer gelongen nach zweemol ze markéieren. Duerch den 2:2-Remis bleift Graz ee Punkt hannert de Plazen, déi fir d'Conference-League-Qualifikatioun géingen duergoen.
Fir St. Pauli leeft et weiderhin net gutt. Zu Leipzig gouf et eng 1:2-Néierlag an et bleift een op der direkter Ofstigsplaz. Den Danel Sinani gouf an der 89. Minutt agewiesselt. Um leschte Spilldag gëtt den Ofstigs-Showdown tëscht Pauli a Wolfsburg gespillt.
An der 2. däitscher Bundesliga huet Magdeburg 3:1 zu Kiel gewonnen. Den Eldin Dzogovic stoung net am Kader. Magdeburg huet duerch deen Erfolleg de Maintien quasi geséchert.
D'Resultater an d'Tabell aus der 2. Bundesliga.
De Vincent Thill stoung an der 3. Liga beim 1:0-Succès vu Mannheim géint Regensburg net am Kader.
A Saudi-Arabien gouf et eng héich Néierlag fir Al Khaleej géint Al-Ettifaq. Den Anthony Moris stoung bei der 0:5-Defaite och net am Kader.
E groussen Erfolleg gouf et fir Venedeg mam Seid Korac. Scho virum leschte Spilldag stoung fest, datt den Opstig sécher ass. An der leschter Partie gouf et en 2:0-Succès géint Palermo, duerch deen een och de Championstitel an der Serie B kloer maache konnt. De Lëtzebuerger Ofwierspiller gouf awer net agewiesselt. An der Serie A konnt Inter den nächste Succès feieren.
Sankt Pölten huet beim Kapfenberger SV mat 3:0 gewonnen. Den Dirk Carlson stoung déi ganz 90 Minutten um Terrain. An der Tabell huet een 3 Spilldeeg viru Schluss 1 Punkt Retard op Lustenau op der 1. Plaz. Déi éischt Plaz géing den Opstig garantéieren.
D'Laura Miller hat an der 1. däitscher Bundesliga och e Grond fir ze feieren. Nürnberg konnt sech mat 3:0 géint Essen duerchsetzen an huet domadder de Maintien sécher. D'Laura Miller stoung vun Ufank un um Terrain, krut an der 53. Minutt déi giel Kaart gewisen a gouf an der 76. Minutt ausgewiesselt. Den 2:0 konnt d'Mëttelfeldspillerin mat enger flotter Pass aleeden.