BundesligaVictoire fir Stuttgart géint Leverkusen, Wolfsburg a St. Pauli verléieren hir Partien

Ted Koob
Leverkusen huet just nach kleng Chancen d'Champions-League-Qualifikatioun ze packen. Wolfsburg a St. Pauli spillen um leschte Spilldag eng Finall ëm d'Relegatioun.
© THOMAS KIENZLE/AFP

Stuttgart huet géint Leverkusen mat 3:1 gewonnen an huet virum leschte Spilldag déi bescht Ausgangspositioun, fir sech déi 4. Plaz an der Tabell ze sécheren. Zu Stuttgart gouf vun Ufank u mat oppenem Viséier gespillt. No engem Feeler vum Hendriks huet Leverkusen séier no vir gespillt an den Aleix Garcia huet nach an der éischter Minutt den 1:0 markéiert. D'Heemekipp konnt 4 Minutten drop reagéieren, den Demirovic hat ausgeglach. Et ass hin a hier gaangen an et gouf Chancen op béide Säiten, Stuttgart hat der méi. Kuerz virun der Paus konnt de Führich mat engem Eelefmeter d'Partie komplett dréinen. Vu Leverkusen koum an der 2. Hallschent net méi vill a Stuttgart huet dovu profitéiert fir den 3:1 ze markéieren. Den Undav hat de Ball iwwer d'Linn gedréckt. E weidere Gol sollt net méi falen. Leverkusen huet op der 6. Plaz kaum nach Chancen op eng Champions-League-Qualifikatioun.

Leipzig konnt sech mat 2:1 géint St. Pauli duerchsetzen. D'Heemekipp hat iwwer wäit Strecke vun der 1. Hallschent méi vum Match, richteg geféierlech no vir war Leipzig awer net. D'Gäscht, bei deenen den Danel Sinani net vun Ufank un um Terrain stoung, hunn op Kontere gelauert an haten an der 34. Minutt déi grouss Chance op den 1:0. De Kaars hat awer just d'Lat getraff. Op der anerer Säit konnt de Schlager seng Ekipp an der 43. Minutt mat 1:0 a Féierung bréngen. D'Gäscht bloufen harmlos am Spill no vir an den Orban huet an der 55. Minutt op 2:0 erhéicht. St. Pauli ass ze spéit erwächt, den 1:2-Uschlossgol ass duerch de Ceesay réischt an der 86. Minutt gefall. D'Ekipp vum Sinani bleift op der direkter Ofstigsplaz, punktgläich mat Wolfsburg op der 16. Plaz, déi nach géint Bayern spillen. Um leschte Spilldag gëtt et den direkten Duell tëscht St. Pauli a Wolfsburg.

Hoffenheim konnt vun enger ganz fréier rouder Kaart fir de Sugawara vu Bremen profitéieren an huet sech 1:0 duerchgesat. Den Touré hat den eenzege Gol vun der Partie markéiert. Hoffenheim huet op der 5. Plaz genee esou vill Punkte wéi Stuttgart, d'Goldifferenz ass awer méi schlecht. Decisioun, wie sech déi 4. Plaz séchert, fält deemno réischt um leschte Spilldag. Bremen kann duerch d'Néierlag vu Pauli a Wolfsburg net méi ofsteigen.

Augsburg hat donieft keng Problemer fir Gladbach mat 3:1 ze klappen. Gregoritsch (2x) a Fellhauer haten d'Goler markéiert. Fir Gladbach hat de Reyna de Ball am Filet ënnerbruecht. Augsburg huet ëmmer nach Chancen d'nächst Joer international ze spillen.

An der Owespartie huet de Champion Bayern München sech mat 1:0 zu Wolfsburg behaapt. Dobäi waren d'Wëllef an der éischter Hallschent besser, kruten de Ball awer net am Gol ënnerbruecht. 15:5 stoung et an der Paus an der Golschoss-Statistik. Bayern huet an der 2. Hallschent den Tempo erhéicht a bis an d'Schlussphas quasi keng Chance fir Wolfsburg méi zougelooss. En typesche Gol vum Olise huet de Bayern déi 3 Punkte geséchert. An der Schlussphas huet Wolfsburg alles no vir geworf an duerch de Svanberg de Potto getraff. Et sollt net duergoen, fir sech e Punkt ze erkämpfen.

An der Premier League hu Liverpool a ManU Punkte leie gelooss. Hei fannt Dir den Iwwerbléck vum internationale Futtball.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

D'Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO