Den Iwwerbléck vum internationale FuttballRemis tëscht Liverpool an Chelsea, ManCity verkierzt den Ofstand op Arsenal

Ted Koob
No 6 Néierlagen um Stéck konnt sech Chelsea nees iwwer e Punkt freeën. ManU huet zu Sunderland Punkten hänke gelooss.
© PETER POWELL/AFP

Stuttgart huet sech an der Bundesliga souverän géint Leverkusen behaapt. Den Danel Sinani gouf bei der Defaite vu St. Pauli spéit agewiesselt.

Inter konnt och den nächste Match an der Serie A gewannen. Atlético Madrid huet a Spuenien awer eng Defaite missen astiechen.

Premier League

Liverpool - Chelsea 1:1
1:0 Gravenberch (6'), 1:1 Fernandez (35')

No 6 Néierlagen um Stéck konnt Chelsea zu Liverpool ee Punkt mat Heem huelen. Fir Liverpool hat et no engem fréie Gol vum Gravenberch gutt ausgesinn. Chelsea huet dogéint gehalen a konnt virun der Paus duerch en direkte Fräistouss-Gol vum Fernandez ausgläichen. Nom Téi war d'Heemekipp besser, huet an der Schlussphas de Potto an d'Lat getraff, de Ball sollt awer net méi eragoen. Et blouf beim 1:1-Remis. Liverpool kéint déi 4. Plaz un Aston Villa verléieren, Chelsea ka sech esouguer nach kleng Hoffnungen op eng Champions-League-Qualifikatioun maachen.

Sunderland - Manchester United 0:0

Keng Goler kruten d'Spectateuren zu Sunderland ze gesinn. D'Heemekipp war an der 1. Hallschent méi staark, konnt awer keng Chance am Gol ënnerbréngen. Och nom Téi war ManU net richteg um Terrain a Sunderland huet weider gutt Geleeënheete leie gelooss. Um Enn ka sech ManU méi iwwer de Punkt freeë wéi d'Heemekipp.

ManCity - Brentford 3:0
1:0 Doku (60'), 2:0 Haaland (75'), 3:0 Marmoush (90+2')

ManCity konnt duerch en haart erkämpfte Succès nees méi no un Arsenal erukommen. An der 1. Hallschent ass der Ekipp vum Pep Guardiola net vill agefall. Brentford huet d'Raim enk gemaach. An der 2. Hallschent konnt den Doku den 1:0 markéieren. Duerno war et méi einfach fir de Favorit an um Enn hunn Haaland a Marmoush fir d'Schlussresultat gesuergt.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Lazio Roum - Inter Mailand 0:3
0:1 Martinez (6'), 0:2 Sucic (39'), 0:3 Mkhitaryan (76')

Och nodeems d'Meeschterschaft scho feststeet huet Inter den nächste Succès gefeiert. Martinez a Sucic haten Inter an der 1. Hallschent 2:0 vir bruecht. Nom Téi huet sech Lazio mat enger rouder Kaart fir de Romagnoli selwer geschwächt. D'Gäscht hunn an der Suite näischt méi ubrenne gelooss, ee weidere Gol markéiert a souverän gewonnen.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

La Liga

Atlético Madrid - Celta Vigo 0:1
0:1 Iglesias (62')

E Gol vum Iglesias ass Celta Vigo duergaange, fir bei Atlético Madrid ze wannen. D'Heemekipp bleift an der Tabell op der 4. Plaz, d'Gäscht hunn déi 6. Plaz och quasi sécher.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO