Reprise vum nationale Futtball-ChampionnatBiissen an Déifferdeng wëllen den Titel, de Rescht wëll méi no erukommen

Sam Rickal
De Weekend rullt de Ball nees an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball. Ka Biissen de Championstitel verdeedegen?
Geléngt dem FC Atert Biissen e weidere Meeschter-Coup wéi d'lescht Saison?
© Val Wagner

Et war déi grouss Sensatioun, mat där virun der leschter Saison wuel déi mannst gerechent haten. Fir déi éischte Kéier zanter 1956 ass nees en Opsteiger Champion ginn, viru 70 Joer war dat der Spora Lëtzebuerg scho gelongen. D'Zil vum FC Atert Biissen wäert et sécherlech sinn, dësen Titel ze verdeedegen. Nom 1. Championstitel an der Veräinsgeschicht war d'Champions-League-Qualifikatioun d'Kiischt um Kuch. Dofir hate sech déi Biisser och ënner anerem mam Golkipp Geordan Dupire vun Hesper, dem Nationalspiller Eric Veiga an dem Diogo Pimentel vu Stroossen verstäerkt.

En zweete Biisser Championstitel noenee wëll den FC Déifferdeng 03 onbedéngt verhënneren. De Coupe-Gewënner vun der leschter Saison ka mam Pedro Resende en ale Bekannten op der Trainerbänk begréissen, mat deem sech déi Déifferdenger zweemol d'Meeschterkroun an eng Coupe séchere konnten. Mat ënner anerem dem Lëtzebuerger Nationalspiller Sébastien Thill an dem franséische Stiermer Corentin Jean, deen ënner anerem 160 Matcher an der Ligue 1 fir ënner anerem Troyes, Monaco, Toulouse a Lens gespillt huet, huet den FCD03 seng Ambitiounen um Transfertmaart ënnermauert.

Méi no u Biissen an Déifferdeng erukomme wëll d'UNA Stroossen. De Jérémy Deichelbohrer gouf am Summer als Trainer installéiert. De 40 Joer ale Fransous hat sech d'lescht Saison mat der US Munneref fir d'Conference-League-Quali qualifizéiert. Mat beispillsweis dem Omar Natami vun Nidderkuer, dem Kino Delorge vun Diddeleng an dem Valentin Steinmetz hunn déi Stroossener qualitativ gutt an erfuere BGL-Ligue-Spiller ënner Kontrakt geholl. Och Souza, Perez a Co. waren dëse Summer schonn an der Conference-League-Qualifikatioun aktiv.

Eng vun den Iwwerraschungsekippe vun der leschter Saison war sécherlech och d'US Munneref, déi sech fir déi éischte Kéier fir eng europäesche Qualifikatioun qualifizéiere konnt. Den neien Trainer Martin Forkel, dee virdru 4 Joer d'Victoria Rouspert trainéiert hat, kann zanter dem Summer op erfuere Spiller wéi dem fréiere Spiller vun ënner anerem Hesper Clément Couturier, de Mehdi Kirch vun Diddeleng an den Almir Klica vun der Jeunesse zielen. Déi zweetbescht Defense wëllen déi Munnerefer sécherlech och rëm dës Saison hunn, offensiv muss ee virum Gol villäicht nach een Tick méi geféierlech ginn.

F91 am Ëmbroch, Jeunesse, Racing a Käerjeng wëlle méi wäit no vir

Wéi den F91 Diddeleng no der Summerpaus optrëtt, ass duerchaus schwéier viraus ze soen. Eng Rëtsch Piliere vun de leschte Joren hunn de Veräin aus der Forge du Sud verlooss. Den Trainer Claudio Lombardelli krut mat ënner anerem dem Joris Belgacem vun der Jeunesse an dem Igor Teles vu Mamer e puer bekannt Gesiichter dobäi, kann awer och op eng Partie jonk Spiller zeréckgräifen, déi och aus dem eegene Centre de Formatioun kommen. Mat engem gudde Mix aus jonken an erfuerene Spiller soll een déi Diddelenger trotzdeem net am Kampf ëm Europa ofschreiwen.

Änlech geet u sech der Jeunesse Esch. De Rekordchampion baut ënner der Regie vum Trainer Reinhold Breu zanter der leschter Saison op Lëtzebuerger Talenter. Déi sinn deenen Escher iwwer de Summer eraus erhale bliwwen. Donieft huet een probéiert, de Kader mat Erfarung ze komplettéieren. Dës soll beispillsweis den Thibault Maquart vun Hueschtert matbréngen. Den Eliot Gashi vu Berbuerg an de Ken Schmitz, deen d'lescht Saison zu Miersch an der Éierepromotioun 19 Goler geschoss hat, sollen dofir suergen, datt d'Ekipp vun der Grenz 2026/27 méi wéi déi 35 Goler d'lescht Saison schéisst.

Dat soll beschtefalls och den Hayssam Zaki fir de Stater Racing, dee beim Ettelbrécker Opstig 17 Goler bäigedroen huet. Zanter dësem Summer setzt de Stéphane Masala beim Stater Fusiounsveräin op der Trainerbänk. Mam 49 Joer ale Fransous wëll d'Ekipp vum Verluerekascht an Zukunft rëm europäesch spillen. 2018 stoung de Masala als Trainer vu Les Herbiers an der Finall vun der Coupe de France. Deemools huet ee sech 0:2 géint de Paris Saint Germain misse geschloen ginn.

De Stater Racing kritt et um éischte Spilldag mat der UN Käerjeng ze dinn. Déi Käerjenger ginn ambitionéiert an déi nei Saison a wëllen den nächste Schrëtt maachen. Längerfristeg wëll sech d'UNK net nëmmen an der héchster Divisioun aus dem nationale Futtball etabléieren, mee och wa méiglech méi no un den ieweschten Deel vum Tableau erukommen. Mat ënner anerem dem Lëtzebuerger Nationalspiller Olivier Thill an dem fréiere Péitenger Yannick Schaus huet ee sech punktuell verstäerkt. Fir de Rescht huet den Trainer David Vandenbroeck säi Kader gréisstendeels beienee gehalen.

E Samschdeg kënnt Dir d'Partie vum FC Wooltz an der Ettelbrécker Etzella an der RTL Livearena mat Commentaire vum Sam Rickal a Gilles Tricca live suivéieren.

Alleguer d'Kadere vun deene 16 Ekippen an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball fannt Dir an eiser Datenbank.



Back to Top
CIM LOGO