Futtball-Championnat: BGL LigueWolz an Ettelbréck spille gläich, Nidderkuer dréit Match géint Esch

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gouf déi nei national Futtball-Saison mat zwee Matcher lancéiert. Am Nordduell stoung et no 90 Minutten 1:1, wärend Nidderkuer d'Jeunesse 2:1 geklappt huet.
© Eugène Thommes

D'Saison 2026/27 gouf e Samschdeg mam Nordderby tëscht dem FC Wolz an der Etzella Ettelbréck lancéiert. Am Duell tëscht den zwee Opsteiger gouf et um Enn kee Gewënner. No 90 Minutte stoung et 1:1.

De Match war 7 Minutten al, do war schonn den éischte Gol vun der Saison gefall, an zwar am Filet vun de Wëlzer. No enger Feelpass vum Chris Philipps hat Ettelbréck zweemol de Gol um Fouss leien, de Yamba Mubeya konnt den drëtte Schoss bannent kuerzer Zäit da schlussendlech verwandelen. Wolz huet duerno 10 Minutte gebraucht, fir nees an e Match ze kommen - si haten hir éischt geféierlech Aktioun an der 19. Minutt. Bis an d'Paus ass net méi vill geschitt.

An der 59. Minutt hunn déi 657 Zuschauer den Ausgläich duerch de Romeyns gesinn. D'Spillerwiesselen hunn op béide Säiten näischt abruecht, sou dass d'Punkten am éischte Match vun der Saison gedeelt goufen.

Mat Nidderkuer an der Escher Jeunesse sinn zwou Ekippen openeegetraff, déi an der Saison 2026/27 méi héich Ziler uviséiere wéi an der viregter Spillzäit. Nidderkuer war net iwwer déi 11. Plaz mat 3 Punkten Avance op d'Barragëplaz erauskomm an d'Ekipp vun der Grenz wëll sécherlech méi wéi déi 35 Goler aus der leschter Saison schéissen. Um Enn hat de Progrès mat 2:1 d'Nues vir.

Esch war mat der alleréischter Aktioun a Féierung gaangen, dat mat engem spektakuläre Wäitschoss bal vun der Mëttellinn. D'Gäscht hu sech bis zur Paus op hir Defense konzentréiert, sou koum d'Lokalekipp besser an de Match, mee um Spillstand sollt bis an d'Paus näischt änneren.

An der 67. Minutt huet den Hadji de verdéngten Ausgläich fir de Progrès markéiert an de Match war nees oppen. Weiderhin ass net vill vun de Schwaarz-Wäisse komm an Nidderkuer konnt duerch de Gol vum Bouché de Match zu senge Gonschten dréien. An der Nospillzäit hunn déi 1.128 Spectateuren am Stade Jos Haupert den Otem ugehalen, wéi den Elshan am Strofraum zum Ofschloss koum, mee de Schoss war ze onprezis.

E Sonndeg start ënner anerem de Coupegewënner Déifferdeng seng Missioun Championstitel. En Dënschdeg gëtt den éischte Spilldag mat de Matcher Stroossen géint Rouspert an dem Spëtzematch tëscht dem amtéierende Champion Biissen an Diddeleng ofgeschloss.

Hei fannt Dir d'Kadere vun all de Veräiner fir déi nei Saison.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

FC Wolz 71 - FC Etzella Ettelbréck 1:1
0:1 Yamba Mubeya (7'), 1:1 Romeyns (59')

Progrès Nidderkuer - Jeunesse Esch 2:1
0:1 Maquart (6'), 1:1 Hadji (67'), 2:1 Bouché (80')

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO