Déi europäesch, nord- a mëttelamerikanesch an asiatesch Confederatioune weisen hiren Zesummenhalt géint d'FIFA. An engem oppene Bréif, deen e Méindeg de Moie publizéiert gouf, kritiséiere si d’Virgoe vun der FIFA ronderëm den Investitiounsplang vum President Infantino.
D’FIFA hätt de Virfall als Kommunikatiounsfeeler duergestallt, fir richteg wier et awer e schwéiere Feeler gewiescht, fir dës Iddi iwwerhaapt op den Dësch ze bréngen. Bei der Krisesëtzung wieren net all Partien invitéiert gewiescht an et misst een de Virfall vun enger onofhängeger Partei ënnersiche loossen.
Als Leader vun der internationaler Futtballfederatioun hätt een d’Aufgab, sech an den Déngscht vum Futtball ze stellen a sech net perséinlech wëllen ze beräicheren.
Des Weidere soll een an enger Féierungspositioun dem Futtball déngen amplaz ze probéieren, en ze kontrolléieren.
Et ass déi éischte Kéier, datt den Infantino sou ënner Drock geréit. Zesummen hätten déi dräi Confederatioune bei enger FIFA-Ofstëmmung eng Majoritéit. 2027 gëtt en néien FIFA President gewielt.