Real Madrid an de Xabi Alonso hu sech a géigesäitegem Accord vunenee getrennt. Dat huet de spuenesche Rekordmeeschter e Méindeg den Owend an engem Schreiwes matgedeelt. Dës Decisioun kënnt no der 2:3-Defaite e Sonndeg am spuenesche Supercup géint den FC Barcelona. Am Championnat läit een donieft véier Punkten hannert dem Leader aus Barcelona.
“Real Madrid wäert ëmmer säin Doheem sinn”, heescht et fir de 44 Joer ale Spuenier, dee réischt zanter dem leschte Summer aus Leverkusen op Madrid komm war an a senger aktiver Karriär als Spiller selwer bei de Kinnekleche gespillt huet.
Den Alvaro Arbeloa iwwerhëlt den Trainer-Posten. Hie war bis elo Trainer vun der zweeter Ekipp vu Real Madrid. De Spuenier gouf als Spiller 2010 Weltmeeschter mat Spuenien an och 2 Mol Europameeschter. Hien huet vun 2009 bis 2016 fir Real Madrid gespillt.