
Bertrand Crasson heescht den neien Trainer vum FC Wooltz 71. Dat huet de Veräin aus dem Éislek e Sonndeg den Owend annoncéiert.
De 55 Joer ale Belsch huet a senger Karriär als Spiller ënner anerem fir Anderlecht an Neapel gespillt. De Bertrand Crasson war ënner anerem 2020 Trainer vum F91 Diddeleng an tëscht 2021 an 2022 Co-Trainer beim Swift Hesper.
Wolz steet an der BGL Ligue no 10 Spilldeeg mat 4 Punkten op der zweetleschter Plaz an der Tabell. Den nächste Weekend spillt den Opsteiger doheem géint Rëmeleng. De Bertrand Crasson wäert awer wéinst enger auslännescher Geschäftsrees réischt no deem Match den Trainerstull iwwerhuelen.