Lëtzebuerger Futtballer am AuslandBenfica a Leandro Barreiro bleiwen hirem Rhythmus trei

RTL Lëtzebuerg
Den Enes Mahmutovic huet mat Breda ee Punkt geraf. E Samschdeg konnten de Seid Korac a Venedeg eng wichteg Victoire am Spëtzematch géint Monza feieren.
© Roland Miny / pressphoto

An der hollännescher Eredivisie huet NAC Breda mat Utrecht 1:1 gedeelt. Den Enes Mahmutovic koum wärend dem ganze Match net an den Asaz. Breda dierf sech no véier Néierlage mol nees iwwert e Punkt freeën a klëmmt vun der leschter op déi 17. Plaz, steet awer nach ëmmer op enger Ofstigsplaz.

D’Serie vu Benfica Lissabon geet weider. Gewannen, gläichspillen - dat ass de Rhythmus vun den Adler an de leschte Matcher. Um 14. Spilldag gouf et nees eng Victoire, an zwar e 4:0 géint den FC Moreirense aus dem Tabellemëttelfeld. Domat steet de portugisesche Rekordchampion weider op der drëtter Plaz, huet awer scho 5 Punkte Réckstand op de Leader FC Porto, deen e Méindeg untriede muss. De Leandro Barreiro stoung an der Startformatioun, gouf awer an der Paus ausgewiesselt.

Hei fannt Dir d’Matcher vun der portugisescher Liga.

Samschdeg

Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun den internationale Futtballchampionnater a vun der 1. Bundesliga.

An der 2. Bundesliga stoung den Eldin Dzogovic nees am Kader vum 1. FC Magdeburg, ass dobäi awer net an den Asaz komm. Virun den eegene Spectateure gouf et um Enn en interessanten 3:3-Remis géint Holstein Kiel. No engem schwieregen Depart an d’Saison ass den FCM elo op d’mannst Mol an den dräi leschte Matcher ouni Defaite bliwwen. An der Tabell steet een op der 16. Plaz, Düsseldorf kënnen dëse Spilldag awer nach laanschtzéien.

D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.

An der Serie B, der zweeter italieenescher Liga, bleift den FC Venedeg mam Seid Korac weider un der Tabellespëtzt drun. E Samschdeg gouf et eng immens wichteg Victoire géint den Zweeten AC Monza, duerch déi een op zwee Punkten u si eru réckelt. Beim Succès gouf de Lëtzebuerger Defenseur an der Nospillzäit agewiesselt.

Den FC Winterthur huet sech an der Schwäiz spéit ee Punkt géint den FC Zürich erkämpft, dat duerch en Eelefmeter an der 90. Minutt. De Marvin Martins ass beim 2:2-Remis vum Tabelleleschten net an den Asaz komm.

A Serbien gouf et um 19. Spilldag fir den IMT Novi Belgrad an den Olivier Thill näischt ze huelen. Géint Zeleznicar Pancevo huet ee sech misse mat 0:1 geschloe ginn. De Lëtzebuerger Offensivspiller gouf an der Paus ausgewiesselt.

D’Tabelleschlussliicht aus der Ligue 2, den SC Bastia, huet sech beim Zweete Saint-Etienne ee Punkt mat Heem geholl. Beim 2:2-Remis ass de Florian Bohnert an der 88. Minutt op den Terrain komm.

Freideg

En immens battere Réckschlag gouf et e Freideg fir den SKN St. Pölten an den Dirk Carlson. Den Tabelleleader vun der zweeter Liga an Éisträich huet mat 1:2 géint den Tabelleleschten SW Bregenz verluer, an domat och de klenge Virsprong, deen een un der Spëtzt hat, verspillt. Den Dirk Carlson huet déi 90 Minutten duerchgespillt.

An der 2. Bundesliga gouf et fir Greuther Fürth en 3:3-Remis géint Hertha, bei deem de Mathias Olesen vun der Bänk aus net an den Asaz komm ass.

Beveren bleift an der zweeter belscher Liga weider ongeschloen. E Freideg den Owend gouf et trotz engem tëschenzäitlechen 0:1-Réckstand um Enn nach eng 2:1-Victoire géint d’U23 vun Anderlecht. De Laurent Jans gouf an der 83. Minutt ausgewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO