Den Iwwerbléck vum internationale FuttballManchester City gewënnt den EFL-Cup, Freiburg klappt St. Pauli

RTL Lëtzebuerg
Victoire fir Barcelona. Monaco klappt Lyon a Lille setzt sech zu Marseille duerch. Tottenham verléiert wichteg Partie géint den direkte Konkurrent vun Nottingham.
© AFP

Am EFL-Cup ass e Sonndeg d’Finall am Wembley Stadion tëscht Arsenal a Manchester City gespillt ginn.

An hei huet sech Manchester City mat 2:0 géint Arsenal konnten duerchsetzen a feiert domat den 1. Titel an dëser Saison. Bannent véier Minutten huet d'Ekipp vum Pep Guardiola de Match entscheet. Tëscht der 60. a 64. Minutt huet den Nico O'Reilly direkt zwee mol zougeschloen. Der Ekipp vum Arteta huet et virun allem un der néideger Kreativitéit am leschten Drëttel gefeelt, fir sech geféierlech Chancen eraus kënnen ze spillen. Kuerz viru Schluss haten d'Gunners Pech, de Ball sollt no enger Flank just un d'Lat goen. An esou gewënnt City mat 2:0 a domat den EFL-Cup.

An der Bundesliga war et e Sonndeg dann nach d'Suite vum 27. Spilldag. Aus der Bundesliga kënnt dann och nach d'Nouvelle, dass sech den FC Köln vun hirem Trainer Lukas Kwasniok getrennt huet. An de leschte fënnef Méint sinn dem FC nëmmen zwou Victoirë gelongen. Dat war ze wéineg fir déi Verantwortlech beim FC. E Samschdeg huet een 3:3-Gläich géint Gladbach gespillt. An der Tabell steet Köln op der 15. Plaz. Den Interim iwwerhëlt dem Kwasnioks säi Co. Trainer René Wagner.

Bundesliga

FSV Mainz – Eintracht Frankfurt 2:1
1:0 Nebel (6'), 1:1 Brown (20'), 2:1 Nebel (89')

Mainz bestätegt seng aktuell gutt Form a gewënnt de Rhein-Main-Derby duerch en Doppelpack vum Nebel mat 2:1 géint Frankfurt. An der Lutte ëm den Ofstig sinn et ganz wichteg 3 Punkte fir Mainz, iwwerdeems Frankfurt elo 12 Punkte Réckstand op d'Champions League Plazen huet.

FC St. Pauli – SC Freiburg 1:2
1:0 Sinani (24'), 1:1 Matanovic (65'), 1:2 Matanovic (78')

Virun allem an der 1. Hallschent huet Pauli eng couragéiert Leeschtung gewisen a konnt sech mam Danel Sinani sengem Gol dann och belounen. An der zweeter Hallschent sollt d'Blat sech awer wenden, a Freiburg huet e Gang erop geschrauft. Aneschters wéi an der 1. Hallschent wosst Freiburg eppes mat sengem Ballbesëtz unzefänken an et huet e sech eng Chance no där anerer eraus gespillt. Entscheedende Mann bei de Freiburger war an der 2. Hallschent de Matanovic. De Stiermer huet mat 2 Goler de Match gedréint. Kuerz viru Schluss sollt den Danel Sinani et nach emol probéieren, säi Schoss konnt awer vum Atublo paréiert ginn. Freiburg wënnt deemno mat 2:1 bei St. Pauli.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Tottenham Hotspur – Nottingham Forest 0:3
0:1 Igor Jesus (45'), 0:2 Gibbs-White (62'), 0:3 Awoniyi (87')

Eng empfindlech Defaite fir Tottenham. D'Spurs musse sech am eegenem Stadion mat 0:3 géint den direkte Konkurrent Nottingham geschloe ginn. An der Tabell sinn d'Gäscht elo laanscht d'Spurs gezunn a leien elo mat 2 Punkten Avance op Tottenham op der 16. Plaz.

Newcastle United – AFC Sunderland 1:2

1:0 Gordon (10'), 1:1 Talbi (57'), 1:2 Brobbey (90')

Aston Villa – West Ham United 2:0
1:0 McGinn (15'), 2:0 Watkins (68')

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Atalanta Bergamo – Hellas Verona 1:0
1:0 Zappacosta (37')

Nodeems Atalanta Bergamo ënnert der Woch an der Champions League géint Bayern München an den Aachtelsfinallen eliminéiert gouf, ass et e Sonndeg am Championnat géint Hellas Verona besser gelaf. An engem relativ ausgeglachenem Match huet sech d'Lokalekipp mat 1:0 duerchgesat. Domat steet een aktuell op der 7. Plaz an der Tabell, iwwerdeems Hellas Verona weider déif am Tabellekeller steet.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Olympique Lyon – AS Monaco 1:2
1:0 Sulc (42'), 1:1 Akliouche (62'), 1:2 Balogun (72')

Am Spëtzematch an der Ligue 1 huet Monaco sech no enger immens hektescher Schlussphas mat 2:1 zu Lyon konnten duerchsetzen a steet a der Tabell elo nëmmen nach 1 Punkt hannert Lyon op der 5. Plaz. An der Paus louch d'Lokalekipp nach a Féierung, éier d'Gäscht an deenen zweete 45 Minutten e Gang an d'Luucht geschrauft hunn. Akliouche a Balogun hunn de Match fir d'Monegasse konnten dréinen. Kuerz viru Schluss krut den Tagliafico op Säite vu Lyon nach déi Rout Kaart gewisen. Um Spillstand sollt sech näischt méi doen.

Olympique Marseille – OSC Lille 1:2
1:0 Nwaneri (43'), 1:1 Meunier (49'), Giroud (86')

Stade Rennes – FC Metz 0:0

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

FC Barcelona – Rayo Vallecano 1:0
1:0 Araujo (24')

Barcelona huet sech schwéier gedoe géint Rayo Vallecano. Virun allem an der Ufanksphas haten d'Gäscht zwou grouss Chancen, sollten de Ball awer net am Filet ënnerbréngen. An der 24. Minutt ass een dunn awer a Réckstand geroden. Per Kapp huet den Araujo de Gol vum Dag konnte markéieren. An der Schlussphas hat Vallecano wuel nach Chancen op den Ausgläich, dëse sollt Vallecano awer net méi geléngen. Um Enn steet dann eng 1:0-Victoire fir Barcelona um Bou. Domat huet een de Virsprong op Real Madrid op tëschenzäitlech 7 Punkten ausgebaut. Déi Kinneklech kréien et um spéide Sonndeg Owend am Derby mat Atlético ze dinn.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO