Invité vun der Redaktioun (7. Mee)Martine Deprez, Gesondheetsministesch

François Aulner
En Donneschdeg de Moien ass d'CNS Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Fir d’Krankeversécherung ze reequilibréieren, solle Mesuren an Héicht vu 95 Milliounen Euro ausgeschafft ginn. Dat gouf ee gëschter no der Quadripartite gewuer.

Wat sinn déi Pisten am Detail? Ginn déi duer en vue vun engem Emploi, dee wéineg wiisst, mee eng Populatioun, déi ëmmer méi al gëtt? Dat froe mir d’Gesondheetsministesch Martine Deprez de Moien hei op RTL.

Mat eiser Invitée vun der Redaktioun schwätze mer awer och iwwert hire Sträit mat der Dokteschassociatioun AMMD, fir déi d’Conditiounen nach ëmmer net erfëllt sinn, fir nei Konventioune mat der Gesondheetskeess ze ënnerschreiwen.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO