
Op der Cloche d'Or gëtt et nees eng Kontrollstatioun, déi awer guer net sou nei ass, well op der selwechter Adress war ee schonn emol aktiv. Wéi de Bedreiwer LU KS an engem Communiqué matdeelt, gouf hir Offer wéinst grousser Demande vun zwou op elo dräi Statiounen ausgebaut.
Nieft Luerenzweiler a Wickreng huet deemno d'Statioun an der Rue Eugène Ruppert op der Cloche d'Or nees opgemaach, fir d'Offer am Zentrum ze verbesseren. D'Statioun empfänkt all Kategorie vu Gefier, déi obligatoresch musse kontrolléiert ginn.