"Kee Spaass – NET DERWÄERT!!"US-Geriicht publizéiert presuméierten Epstein-Abschidsbréif

AFP, iwwersat vun RTL
En US-Riichter huet e Mëttwoch en angeeblechen Abschidsbréif publizéiert, deen de verurteelte Sexualstroftäter Jeffrey Epstein Woche viru sengem Doud an enger Zell zu New York soll geschriwwen hunn.
Den Jeffrey Epstein
Den Jeffrey Epstein
© HANDOUT/AFP

E Prisonéier, dee mam Epstein inhaftéiert war, sot datt hien de Bréif an engem Buch fonnt hätt, nodeems sech de fréiere Financier probéiert hat, sech ze suicidéieren - e puer Wochen, ier hien dunn effektiv gestuerwen ass.

"Si hu wärend Méint géint mech ermëttelt NÄISCHT Fonnt!!!" steet am Bréif. "Et ass ass eppes Besonnesches, seng eegen Zäit fir Äddi ze soen auszewielen." Am leschte Saz vum Bréif ass ze liesen: "Wat wëllt der, datt ech maachen ufänken ze kräischen!! Kee Spaass NET DERWÄERT!!".

De Bréif war iwwer Jore versigelt als Deel vum anere Prisonéier sengem Prozess, ma op Ufro vun der New York Times huet de Riichter Kenneth Karas vum US District Court for Southern New York d'Schreiwes publizéiert.

© AFP

De Bréif gouf ni authentifizéiert, ma zanter Joren zirkuléiere Froe ronderëm dem Jeffrey Epstein säin Doud an engem Prisong zu New York. Dem Multimillionär säin Doud gouf vun den Autoritéiten als Suicide agestuuft. Eng Rei Sécherheetslacunnen am Prisong, genee wéi feelend Videomaterial vun enger Iwwerwaachungskamera hunn allerdéngs dozou gefouert, datt déi offiziell Versioun ugezweiwelt gëtt. Den Epstein war an der amerikanescher Elitt gutt vernetzt a war kuerz viru sengem Doud no Virwërf an den US-Medien op en Neits festgeholl ginn.

Den Epstein gouf Enn Juli 2019 mat Blessuren a senger Zell fonnt, wat d'Autoritéiten als feelgeschloenen Suizid-Versuch agestuuft hunn. Et war kuerz hei virdrun, wou de Bréif anscheinend geschriwwen an tëscht d'Säite vun enger BD soll geluecht gi sinn.

De Skandal ronderëm den Epstein zitt zanter Joren och grouss politesch Kreesser - esouwuel an den USA, wéi och a Groussbritannien. An de leschte Méint hunn nei verëffentlecht Dokumenter ronderëm den Epstein ëmmer nees fir Schlagzeile gesuergt.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu

Back to Top
CIM LOGO