Den Iwwerbléck vum internationale FuttballArsenal wënnt géint Chelsea, Frankfurt klappt Freiburg

RTL Lëtzebuerg
An der Serie A huet den AC Mailand sech no zwee spéide Goler géint Cremonese duerchgesat. Donieft gouf et eng däitlech Victoire vu Stuttgart géint Wolfsburg.
Arsenal's Spanish goalkeeper #01 David Raya (back R) makes a save in the 92nd minute during the English Premier League football match between Arsenal and Chelsea at the Emirates Stadium in London on March 1, 2026.
Den David Raya mat enger Parad an der 92. Spillminutt, déi Arsenal d’Victoire géint Chelsea geséchert huet.
© AFP

Bundesliga

VFB Stuttgart – VFL Wolfsburg 4:0
1:0 Undav (21'), 2:0 Leweling (30'), 3:0 Leweling (42'), 4:0 Nartey (90+5')

Stuttgart huet Wolfsburg vun der 1. Minutt u keng Chance gelooss a feiert eng souverän 4:0-Victoire géint de VFL. Virun allem an der 1. Hallschent huet d’Lokalekipp Wolfsburg phaseweis un d’Mauer gespillt a louch deemno och verdéngt an der Paus mat 3:0 a Féierung. De VFB bleift domat op der 4. Plaz, iwwerdeems et fir Wolfsburg vu Spilldag zu Spilldag ëmmer méi düster ausgesäit. No 24 gespillte Matcher steet de Veräin aus der VW Stad op der zweetleschter Plaz an der Tabell.

Eintracht Frankfurt – SC Freiburg 2:0
1:0 Chaibi (64'), 2:0 Bahoya (81')

Frankfurt gewënnt opgrond vun der zweeter Hallschent verdéngt mat 2:0 géint Freiburg an iwwerhëlt den SC an der Tabell. D’Eintracht hat virun allem an deenen zweete 45 Minutte méi Offensivaktiounen, a konnt sech duerch de Chaibi an de Bahoya fir d’Offensiv Beméiunge belounen. Beim Stand vun 0:0 hat Freiburg och déi eng oder aner Méiglechkeet, konnt awer keng vun dësen Notzen, sou dass een um Enn mat 0:2 d’Heemrees muss untrieden.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Brighton – Nottingham Forest 2:1
1:0 Gomez (6'), 1:1 Gibbs-White (13'), 2:1 Welbeck (15')

FC Fulham – Tottenham Hotspur 2:1
1:0 Wilson (7'), 2:0 Iwobi (34'), 2:1 Richarlison (66')

Tottenham kënnt och nom Trainerwiessel net richteg an d’Spuer a verléiert géint Fulham mat 1:2. Domat steet een an der Tabell op der 16. Plaz, 4 Punkte virun West Ham, déi aktuell op der 18. Plaz leien.

Manchester United – Crystal Palace 2:1
0:1 Lacroix (4'), 1:1 Bruno Fernandes (57'), 2:1 Sesko (65')

Crystal Palace ass perfekt an de Match gestart a louch no 4 Minutten duerch de Lacroix mat 1:0 am Old Trafford a Féierung. Déi éischt Véirelstonn huet Crystal Palace de Match dominéiert. No enger knapper hallwer Stonn hat dann och d’Lokalekipp a Persoun vum Maguire hir éischt Chance. D’Lokalekipp ass an der Suite vum Match ëmmer méi staark ginn an huet den Drock Richtung Palace-Gol konsequent an d’Luucht geschrauft. No enger Rouder Kaart an der 56. Minutt géint de Lacroix, huet de Fernandes de fällegen Eelefmeter zum Ausgläich konnte markéieren. Kuerz dorop huet de Sesko da fir d’Schlussresultat gesuergt. Alles an allem um Enn eng verdéngte Victoire fir ManUnited, déi sech an der Tabell elo op der 3. Plaz erëmfannen.

FC Arsenal – FC Chelsea 2:1
1:0 Saliba (21'), 1:1 Hincapie (45+2'), 2:1 Timber (66')

Den Tabelleleader ass wuel a Féierung gaangen, krut an der Nospillzäit duerch e Selbstgol vum Hincapie den Ausgläich. An der zweeter Hallschent war mol d’Lokalekipp um Drécker, mol d’Gäscht. An der 66. Minutt huet den Timber no engem Eckball vum Rice Arsenal nees a Féierung gekäppt. An der Schlussphas sollt et nach mools hektesch am Strofraum vun de Gunners ginn. De vermuttlechen Ausgläich vun Chelsea sollt wéinst Abseits awer net zielen. Arsenal läit no der Victoire géint Chelsea an der Tabell elo nees 5 Punkte viru Manchester City.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

US Cremonese – AC Mailand 0:2
0:1 Pavlovic (90'), 2:0 Leao (90+4')

An der Ufanksphas hat d’Lokalekipp méi vum Spill. Den AC huet sech schwéier gedoen an ass réischt no 30 Minutte sou richteg an de Match komm. De Rafael Leao, sou wéi de Christian Pulisic, konnten hir Chancen awer net am Gol ënnerbréngen. No enger zerfuerener zweeter Hallschent huet et bis déi lescht Minutt gedauert, éier de Favorit vu Mailand awer nach e Gol konnt markéieren. De Pavlovic huet per Kapp Milan an der 90. Minutt a Féierung gekäppt. An der Nospillzäit huet de Leao no engem Konter fir d'2:0 Schlussresultat gesuergt. D’Rosseneri bleiwen domat zweeten an der Tabell, 10 Punkten hannert Inter.

Sassuolo Calcio – Atalanta Bergamo 2:1
1:0 Kone (23'), 2:0 Thorstvedt (69'), 2:1 Musah (88')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

FC Metz – Stade Brest 0:1
0:1 Ajourque (69')

Metz verléiert an Iwwerzuel doheem mat 0:1 géint Stade Brest a verléiert lues awer sécher den Uschloss op déi 16. Plaz an der Tabell. Aktuell läit de Réckstand op d’Barrageplaz bei 5 Punkten.

OSC Lille – FC Nantes 1:0
1:0 Ngoy (90+4')

Eng ganz wichteg Victoire konnt Lille géint Nantes feieren. De Favorit huet sech laang schwéier gedoen, an et huet dono ausgesinn wéi wann Nantes beim Favorit wéinstens ee Punkt kéint mat heem huelen. An der 4. Minutt vun der Nospillzäit huet den Ngoy de Last-Minute-Gol markéiert a Lille 3 Punkte geséchert. Eng wichteg Victoire am Kampf ëm déi europäesch Plazen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

FC Elche – Espanyol Barcelona 2:2
0:1 Garcia (7'), 1:1 Aguado (42'), 1:2 Romero (57'), 2:2 Mir (90')

Betis Sevilla – FC Sevilla 2:2
1:0 Anthony (16'), 2:0 Fidalgo (37'), 2:1 Sanchez (62'), 2:2 Romero (85')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO