
E Sonndeg de Mëtteg huet Waldhof Mannheim an der drëtter Liga an Däitschland mat 2:1 géint Alemannia Oochen gewonnen. Dobäi louch d’Ekipp vum Luc Holtz an der Hallschent mat 0:1 a Réckstand, éier de Lëtzebuerger Trainer den Terrence Boyd agewiesselt huet. De Stiermer huet d’Vertraue vum Trainer mat zwee Goler zeréck bezuelt an ass zum Matchwinner avancéiert. Mannheim läit an der Tabell no 26 Spilldeeg mat 39 Punkten op der 9. Plaz.
De Mathias Olesen gewënnt mam Grazer AK an der Éisträicher Bundesliga 2:1 géint den SV Ried. De Lëtzebuerger stoung dobäi 90 Minutten um Terrain.
St. Pauli huet den 2. Succès an der 1. Bundesliga hannertenee gefeiert. Zu Sinsheim huet ee sech mat 1:0 géint Hoffenheim behaapt. Den Danel Sinani stoung vun Ufank un um Terrain a gouf nach an der 1. Hallschent wéinst Meckere verwarnt. An der 88. Minutt huet de Lëtzebuerger den Terrain no senger Auswiesslung verlooss.
An der 2. Bundesliga konnt den Tabelleleschte Fürth 1:1 gläich géint den Tabellenéischte Schalke spillen. Den Aiman Dardari koum net an den Asaz.
D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.
Den Opstig war an der 2. Liga an der Belsch fir Beveren scho kloer. Um Samschdeg gouf et fir de Laurent Jans a Co. en 2:0-Succès géint OC Charleroi. Den Ofwierspiller huet duerchgespillt.
De Seid Korac souz beim 1:1-Remis vu Venedeg beim FC Südtirol de ganze Match op der Bänk. Trotz dem Remis bleift Venedeg op der 1. Plaz an der Tabell an huet gutt Chancen op den Opstig.
An Holland war den Yvandro Borges bei der 1:3-Defaite vun Almelo géint PSV net am Kader.