Champions-League-AuslousungReal Madrid géint ManCity a PSG géint Chelsea an den 1/8-Finallen

Jeff Birsens
E Freideg an der Mëttesstonn goufen an der Schwäiz d'1/8-Finallen an der Kinneksklass ausgeloust. Dobäi kënnt et nees zu engem Treffe vun ale Bekannten aus Madrid a Manchester.
Hu sech schonn am Dezember 2025 begéint: Real Madrid a Manchester City.
© Foto von BURAK AKBULUT / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP

Nodeems en Dënschdeg an e Mëttwoch d’Retourmatcher vun de Playoffe gespillt goufen, sinn e Freideg an der Mëttesstonn zu Nyon d'1/8-Finalle vun der UEFA Champions League ausgeloust ginn. Dobäi kënnt et, wéi och schonn déi lescht véier Joer hannerteneen, zum Duell tëscht Real Madrid a Manchester City. Den Underdog Bodö/Glimt aus Norwegen kritt et donieft mam Sporting ze dinn an den aktuellen Titelverdeedeger aus der Kinneksklass, de PSG, spillt géint de Clubweltmeeschter Chelsea. Fir den däitsche Rekordmeeschter Bayern geet et géint Atalanta Bergamo.

Gespillt ginn d’Matcher den 10. an 11. respektiv de 17. an 18. Mäerz. Déi genee Datumer vun den eenzele Partië wëll d’UEFA am Verlaf vum Freidegmëtteg verëffentlechen.

Champions League: D'1/8-Finallen am Iwwerbléck

Galatasaray - Liverpool
Atlético Madrid - Tottenham
Newcastle - Barcelona
Real Madrid - Manchester City
Bodö/Glimt - Sporting
PSG - Chelsea
Leverkusen - Arsenal
Atalanta - Bayern

Europa League: D'1/8-Finallen am Iwwerbléck

No 13 Auer goufen dann och nach d'1/8-Finalle vun der Europa League ausgeloust:

Genk - Freiburg
Stuttgart - Porto
Bologna - AS Roum
Ferencvaros - Braga
Panathinaikos - Betis
Nottingham - Midtjylland
Celta Vigo - Lyon
Lille - Aston Villa

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO