
E Sonndeg war et d’Suite vum 19. Spilldag am nationale Futtball-Championnat. E Samschdeg den Owend si fir den Optakt scho ganzer dräi Matcher gespillt ginn. Hei huet sech ënner anerem Mamer Munneref misse geschloe ginn an de Leader vu Déifferdeng léisst Punkten zu Kanech leien. Soumat hat Stroossen e Sonndeg de Mëtteg d’Chance, mat enger eegener Victoire de Réckstand op Déifferdeng op 2 Punkten ze verkierzen.
Dëst sollt der Una awer net geléngen. Am Géigendeel, de Réckstand op Déifferdeng vergréissert sech souguer, dat well Stroossen mat 0:1 géint Hueschtert verluer huet. De Gol vum Dag huet de Fernandes an der 65. Minutt markéiert. No engem flotten Zouspill vum Meddout huet de Fernandes de Ball aus ronn 15 Meter an de kuerzen Eck geschoss. D’Visiteuren hu wuel kee schlechte Match gewisen, mee konnten hir erausgespillt Occasioune virum Gol net notzen. An engem intensiv gefouertem Match, bei deem et dacks hin an hier gaangen ass, ass de Stroossener an der Schlussphase net méi vill agefall, sou dass Hueschtert no enger gudder Leeschtung de Match duerchaus verdéngt mat 1:0 fir sech konnt entscheeden. Déifferdeng leit elo 5 Punkten virun Stroossen. Et ass déi 1. Néierlag fir Stroossen an der Réckronn.
Diddeleng feiert iwwerdeems mat hirem neien Trainer Claudio Lombardelli eng 2:1-Victoire um Verluerekascht beim Stater Racing. No enger intensiver, awer aarm un Héichpunkten zweeter Hallschent, huelen d’Gäscht déi dräi Punkte mat heem. Virun allem déi zweet Hallschent war gepräägt vu vill Kampf a wéineg laang Ballbesetzphasen vu béiden Ekippen. Den entscheedende Gol zum 2:1 huet de Rotundo an der 59. Minutt konnte markéieren. De Racing huet an der Schlussphase wuel nach eppes probéiert, geféierlech Aktiounen am Strofraum waren awer seelen. Mat dëser Victoire séchert sech Diddeleng dräi wichteg Punkten, wärend de Stater Racing no engem engagéiert Optrëtt mat eidelen Hänn do steet.
Käerjeng setzt sech mat 2:0 géint Rouspert duerch a Biissen klappt Hesper mat 2:0.
Fir den Ofschloss vum 19. Spilldag hat Nidderkuer Besuch vu Péiteng. Viru 642 Spectateuren huet d’Lokalekipp de Péitenger trotz fréiem Réckstand keng Chance gelooss a gewënnt däitlech mat 4:1. Et ass déi 1. Victoire am Joer 2026 fir d’Lokalekipp. Péiteng bleift domat weider op der leschter Plaz an der Tabell.
Ënnert der Woch geet et scho weider, da stinn 1/8-Finallen an der Coupe um Programm. Hei kennt et dann zum absolutten Top Match tëscht Déifferdeng a Stroossen.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
US Hueschtert – Una Stroossen 1:0
1:0 Fernandes (63')
UN Käerjeng – Victoria Rouspert 2:0
1:0 Bellali (24'), 2:0 Mabwati (90+3')
Atert Biissen – Swift Hesper 2:0
1:0 Abi Ramzi (64'), Louriz Halhoul (70')
Racing Union – F91 Diddeleng 1:2
0:1 Azevedo Magalhaes (4'), 1:1 Diakhite (28'), 1:2 Rotundo (59')
Progrès Nidderkuer – Union Titus Péiteng 4:1
0:1 Guett-Guett A (5'), 1:1 Baradji (36'), 2:1 Baradji (38'), 3:1 Ahmetxhekaj (51'), 4:1 Avdusinovic (70')