Premier League SaisonManchester United entléisst den Trainer Michael Carrick

RTL Lëtzebuerg
Manchester United huet sech vu sengem Trainer Michael Carrick getrennt. De Club reagéiert domat op de schlechte Start an eng Premier League Saison.
De fréieren United-Mëttelfeldspiller Michael Carrick gouf mat Manchester United an der leschter Saison nach drëtten am Championnat.
© Photo by NIGEL KEENE / PROSPORTSIMAGES / DPPI VIA AFP

De fréieren United-Mëttelfeldspiller Michael Carrick gouf mat Manchester United an der leschter Saison nach drëtten am Championnat. Aktuell huet d'Ekipp awer aus den éischten 10 Matcher just 8 Punkte gesammelt a befënnt aktuell am Kampf géint den Ofstig.

Den aktuellen US-Nationaltrainer Mauricio Pochettino gëllt als grousse Favorit, den Trainerstull vum Traditiounsclub ze iwwerhuelen. Den Argentinier huet vill Erfarung an der Premier League a war schonn Trainer vu Southampton, Tottenham a Chelsea. Donieft huet hien och Paris Saint-Germain trainéiert.

Back to Top
CIM LOGO