Ex-FIFA-President iwwer säi SuccesseurBlatter bezeechent Infantino als "Diktator" a schléit Aliwwerung a "Psychiatrie" vir

RTL mat AFP
De fréiere President vun der FIFA Sepp Blatter huet säi Successeur direkt verbal attackéiert.
EAST RUTHERFORD, NEW JERSEY - JULY 19: FIFA President Gianni Infantino and U.S. President Donald Trump attend the award ceremony following the FIFA World Cup 2026 Final match between Spain and Argentina at New York New Jersey Stadium on July 19, 2026 in East Rutherford, New Jersey. Justin Setterfield/Getty Images/AFP (Photo by Justin Setterfield / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP)
Dem Sepp Blatter no hätt den US-President Donald Trump e schlechten Afloss op den Gianni Infantino gehat.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

Dem Sepp Blatter no géif sech den Gianni Infantion als "Diktator ouni iergendwelleche Limitten" qualifizéieren. Och huet de Blatter proposéiert, fir den Infantino an eng "Psychiatrie" aliwweren ze loossen. Dëst ass an engem Interview am Magazin "Der Spiegel" ze liesen.

Keen dierf Lift mam Infantino huelen

"Et ass en Diktator. D'Leit bei der FIFA erziele mer, datt kee vun hinnen d'Recht huet, fir mat him de Lift ze huelen. Hien ass 'intouchable'", esou de fréiere Chef vun der FIFA iwwer den Italo-Schwäizer, deen 2016 d'Successioun vum Blatter iwwerholl hat a sech 2027 eng weider Kéier wiele wëll loossen.

"Den Infantino kennt guer keng Limitte méi. Hie versteet dat alles net. Vläicht muss een den Infantino eng Kéier an eng Psychiatrie aliwwere loossen", esou nach de Sepp Blatter, wéi hien iwwer d'Pläng vu sengem Successeur befrot gouf, déi no Protester no der Weltmeeschterschaft zeréckgezu goufen. Den Infantino wollt jo eng Entreprise grënnen, déi déi kommerziell Aktivitéite vun der FIFA geréiert, a minoritär Parte vun dëser Firma u Privatinvestisseure verkafen.

D'Annonce vun dësem Projet war jo wärend er WM 2026 erauskomm an hat fir vill Polemik a Protester gesuergt. Trotz dësem Tëschefall bleift de 56 Joer alen Infantino de grousse Favorit bei der Wiel vum nächste FIFA-President. Dës Wal ass fir den 18. Mäerz 2027 fixéiert a wäert zu Rabat ofgehale ginn.

Reegelméissege Kontakt mam Donald Trump huet Infantino verännert

De Sepp Blatter fënnt och, datt den Gianni Infantino, nodeem hie vill mam US-President Donald Trump ze dinn hat, sech verännert huet. Den aktuelle FIFA-President gleeft, datt "hien auserwielt wier" fir de weltwäite Futtball "ze monopoliséieren". De Blatter, selwer och Schwäizer, huet säi Landsmann am Interview direkt e puer Mol kritiséiert.

Den haut 90 Joer ale Blatter war 2015 zu senger Demissioun gezwonge ginn. Zesumme mam Michel Platini, deemools President vun der UEFA a Kandidat op d'Successioun vum Sepp Blatter, war hien a méi Skandaler verwéckelt ginn. Béide Männer gouf Bedruch virgeworf, ma 2025 goufen de Sepp Blatter an de Michel Platini vun engem Schwäizer Gericht definitiv fräigesprach.

D'AFP huet d'FIFA fir eng Reaktioun kontaktéiert.

Back to Top
CIM LOGO