Mir sprangen e Mount zeréck. Den decisive Gol vum Dag fir d'Esten hat am Allersmatch Ufank Oktober de Rasmus Peetson an der 5. Minutt geschoss. Genau sou wéi elo hat d'FLF-Selektioun op blesséiert Piliere misse verzichten, dorënner zu deem Ament de Christopher Martins, de Seid Korac, den Danel Sinani, de Laurent Jans an de Leandro Barreiro, dee wéinst Réckeproblemer nëmmen op der Bänk souz. Fir e Freideg ass de Mëttelfeldspiller vu Benfica Lissabon verletzungsbedéngt och net am Kader. Dofir ass awer de Kapitän Laurent Jans nees fit.
Den Tëschebilan no 4 Spilldeeg gesäit esou aus: 3 Punkten, 2 Goler markéiert, 7 Goler encaisséiert. D'Rout Léiwe waren an der Le Coq Arena zu Tallinn engagéiert, konnte sech och e puer Chancen erausspillen, virum Gol huet et awer un Effikassitéit gefeelt. Offensiv huet den Nationaltrainer dofir och personell nogeluecht an huet de Patrick Macedo vun der Résidence Walfer fir eng éischte Kéier selektionéiert, deen dës Saison 11 Goler an 12 Matcher an der BGL Ligue geschoss huet. Donieft feiert och de Mëttelfeldspiller Farid Ikene vum Stater Racing seng éischt Selektioun fir d'FLF-Formatioun. Den Defenseur Tim Hall vum Tabelleleader aus der ieweschter Divisioun UNA Stroossen ka sech no senger leschter Nominatioun am September 2023 iwwer säi Retour bei d'Rout Léiwe freeën.
Den 29 Joer alen Hall kann och fir e Freideg vun Ufank un eng Optioun sinn, well den Dirk Carlson giel-gespaart nokucke muss. Den Enes Mahmutovic, de Vahid Selimovic an den Eric Veiga si weider Optiounen an der zentraler Defense. An deem Beräich hat d'Ekipp vum Nationaltrainer Jeff Strasser am Allersmatch och Problemer. Den Nationalgolkipp Anthony Moris hat mat gudde Paraden eng méi héich Defaite verhënnert. Den Nationaltrainer Jeff Strasser wëll, datt seng Formatioun sech souwuel offensiv, wéi defensiv steigert, fir datt um Enn e bessert Resultat erausspréngt wéi virun engem Mount.
Jeff Strasser: "D'Spilliddi ass déi Spilliddi weiderféieren, wou mer d'lescht Matcher och gemaach hunn, probéieren an eisem Ballbesëtz natierlech kreativ ze sinn, probéieren iwwert Ballbesëtz Aktiounen ze kreéieren, méi effikass ginn am géigneresche 16 Meter. Mee och vill méi effikass ginn am defensive Beräich. Mir hunn an deene leschte Matcher ze vill Goler geschoss kritt. Do musse mer usetzen, fir do méi effikass ze sinn, generell am Block, an der Aggressivitéit an am Wëllen ze verdeedegen, an dat bis an dee klengsten Detail, a genau dat nämmlecht am offensive Beräich wa méiglech och."
D'Partie Lëtzebuerg géint Estland kënnt Dir e Freideg vun 20.45 Auer u bei eis um RTL Zwee, um Radio, op RTL Play an RTL.lu live suivéieren.