
Offensiv wéi defensiv krut d'FLF-Selektioun iwwer déi ganz Campagne déi Blesséiert Christopher Martins, Seid Korac, Danel Sinani a Leandro Barreiro net kompenséiert. Jonk Talenter wéi den Hamza Kadamani, den Jayson Videira oder och den Enzo Dos Santos kruten hir Chance, konnten awer net ëmmer iwwerzeegen. Datt Lëtzebuerg Ausfäll vun esou Pilieren net an deem Mooss ka verkraaften, wéi déi grouss Natiounen, ass kloer. Allerdéngs wollt den Anthony Moris dat e Méindeg no der 0:3-Defaite an Island net als Ausried gëlle loossen.
"Mat der Victoire a Bulgarien si mir ganz gutt gestart. Duerno hu mir awer 5 Matcher noenee verluer a mir kruten ze vill Géigegoler geschoss. Mir kënnen eis hannert den Ausfäll vun eise Piliere verstoppen, mee ech denken et mussen dann aner Spiller Responsabilitéit iwwerhuelen. Um Enn ass et villäicht och einfach e Qualitéitsproblem. (...) Virun 3-4 Joer hat Lëtzebuerg eng ganz gutt Phas. Mir hunn awer elo aner Spiller, déi an anere Veräiner spillen. Verschiddener hu Problemer sech hir Plaz do ze erkämpfen. Et läit also un hinnen ze schaffen, fir méi Spillzäit ze kréien. Soss gëtt et schwéier an da kënns de bei d'Nationalekipp an hues Problemer, fir hannerenee Matcher op héijem Niveau ze spillen. Jo et sinn Estland, Bulgarien an Island, mee et bleift en héijen Niveau an dat ass dann anescht wéi dat, wat een aus dem Veräin kennt."
Wann ee sech den aktuelle Kader ouni Blesséiert ukuckt, da fält op, datt dësen ënner anerem och aus enger Rëtsch jonken Talenter a Spiller aus der BGL Ligue besteet. Den Anthony Moris mat senge 36 an de Laurent Jans mat 34 Joer sinn am Hierscht vun hirer Karriär ukomm. Zanter 2016 ass de Florian Bohnert am Krees vun de Roude Léiwe mat dobäi. Fir den 69-fachen Nationalspiller ass et wichteg, déi Jonk richteg ze encadréieren.
"Ech mengen an enger Nationalekipp ginn et oft Zyklen. Ech hat dat schonn eng Kéier ugeschwat viru Malta. Mir hunn einfach Schwieregkeeten, eis Matcher ze maachen, wéi mir se an der Vergaangenheet gemaach hunn. Iwwert déi ganz Nations League hu mir gutt Saache gemaach, phaseweis awer net genuch fir Resultater ze hunn. Mir mussen eis einfach steigeren, mir musse weider schaffen op alles, wat deemnächst kënnt. Ob et Qualie sinn, d'Frëndschaftsmatcher fir eis anzespillen, fir dass déi Jonk Erfarung kréien, déi an der Nations League vill Spillzäit kruten, fir einfach en neien Zyklus ze lancéieren, fir op deen Niveau ze kommen, wou mir waren."
Bannent de 6 Partien an der Nations League krut d'FLF-Selektioun 11 Goler geschoss a konnt der nëmmen zwee sëlwer markéieren. Virun de leschten zwee Matcher wollten d'Rout Léiwe sech offensiv wéi defensiv steigeren a méi effikass ginn. Dat ass allerdéngs net gelongen. En Vue vun der EM-Qualifikatioun d'nächst Joer, bei där d'Lëtzebuerger hir Géigner schonn am Dezember gewuer ginn, ass et dem Nationaltrainer Jeff Strasser no schwéier, fir un deene richtege Schrauwen ze dréinen, well d'Spiller bis déi nächst Matcher zeréck bei hire Veräiner sinn.
"An deene Méint hu mir keng Méiglechkeet, fir iergendwéi Automatismen anzestudéieren. Mir kënne gären dorunner schaffen, dat maache mer och. Definitiv wësse mir, datt mir an dëser Campagne jonk Spiller integréiert hunn, déi brauchen nach Zäit. Haut huet den Enzo gespillt, den Hamza ass erakomm. Dat si Spiller mat 17 Joer. Déi brauchen Zäit, fir sech ze developpéieren. Mir wäerten dru schaffen, datt eis offensiv Performancë besser ginn. Dat ass dat, wéi mir d'Saach am Moment gesinn. (...) Et huet sech bestätegt, datt och vill Saache géint eis lafen, well wa mir de Match kucken, e Schoss op d'Lat ofgewiert, dee fält hinne virun d'Féiss. Da kriss de een Eelefmeter géint dech onglécklech op d'Corner. D'Chance ass och ni op eiser Säit am Moment, mee mir kënnen eis dohanner awer net verstoppen. Mir wëssen, datt mir vill Chantieren hunn an ech soen et nach eng Kéier, mir hu gesinn, datt an där Ekipp vill méi dran ass, wa mir komplett sinn. Wa mir net komplett sinn, gëtt et vill méi schwéier."
A sengen 127 Lännermatcher huet de Laurent Jans sécherlech scho méi schéin Zäite materlieft. De Kapitän vun de Roude Léiwe gouf och duerch eng Blessur no der 0:3-Defaite am Allersmatch heiheem géint Island Enn Oktober ausgebremst. Jéimeren hëlleft bekanntlech näischt, dofir kuckt den Defenseur och direkt no vir op dat neit Joer, wou dann d'Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2028 an England, Schottland, Wales an Irland ufänkt.
"Et ass een ëmmer erëm frou a stolz, säi Land um Terrain ze representéieren an et sinn einfach Phasen an engem Futtballer-Liewen, wou et gutt geet, déi hate mer, a wou et manner gutt geet, déi hate mer och. Do muss een doduerch. Ech mengen, do muss jidderee Verantwortung iwwerhuelen. Dat mécht och jiddereen an der Ekipp oder déi meescht. Do kuckt jiddereen an de Spigel, dat maachen ech och an dat soll och jidderee maachen. Ech mengen trotzdeem, datt et elo net fir ze soen ass, endlech ass d'Campagne eriwwer. Mir huelen dat mat. Mir hunn do draus geléiert an da musse mer kucken, datt mir virun allem elo ganz schnell am Mäerz d'Saachen änneren."
De 6. Dezember ass den Tirage vun de Gruppe fir d'EM-Quali. Am Fall, wou d'Rout Léiwen an e Grupp mat 4 Ekippe geloust géife ginn, misst d'FLF-Selektioun am Mäerz an am Juni Frëndschaftsmatcher spillen, éier dann am September d'Qualifikatioun géing ugoen. Am Fall vun engem 5er-Grupp wier de Optakt vun der Quali allerdéngs schonn am Mäerz.