European Cup am HandballDiddeleng am éischten Tour eliminéiert, Bierchem a gudder Ausgangspositioun

Yannick Glod
Den HBD huet och den zweete Match vum Double Header doheem géint PAOK Thessaloniki verluer. Bierchem huet a Montenegro gewonnen.
Resumé European Cup Diddeleng - PAOK
Den HBD hat den Allermatch 28:33 verluer.

Dëse Weekend ware mam HB Diddeleng an dem HC Bierchem zwou lëtzebuergesch Ekippen am European Cup am Asaz. D'Diddelenger sinn nom éischten Tour schonn eliminéiert, Bierchem huet sech a Montenegro e gutt Resultat fir de Réckmatch erausgespillt.

Den éischte Match vum Double Header e Samschdeg hat Diddeleng 28:33 verluer. D'Fiiss ware gutt an d'Partie gestart a louchen zweemol am éischten Duerchgang vir. Am weidere Verlaf huet sech Thessaloniki gesteigert, well den HBD ze vill Feeler a sengem Spill hat. D'Griichen hunn och eng méi haart Defense gespillt, wéi een dat am lëtzebuergeschen Handball gewinnt ass. Um Enn vun der éischter Hallschent waren d'Diddelenger nees méi konzentréiert an hätte virun der Paus op zwee Goler verkierze kënnen. Mee de Schoss vum Itua Etute gouf gehalen an d'Griiche sinn eng Konter gelaf. Sou gounge si mat +4 an d'Kabinnen.

An den zweeten 30 Minutten hat den HBD e puermol d'Méiglechkeet, op 2 - 3 Goler erunzekommen, mee net all Ball konnt verwäert ginn. PAOK huet ab der 45. Minutt ugefaangen, de Virsprong ze verwalten a Kräfte fir de Réckmatch ze spueren. E bessert Resultat wär dra gewiescht, mee um Enn waren et minus fënnef Goler.

No der Néierlag e Samschdeg konnt Diddeleng de Bock net méi ëmstoussen. Den HBD huet och den zweete Match e Sonndeg 21:29 verluer. PAOK huet fréi fir kloer Verhältnisser gesuergt a war schonn no 11 Minutte 5 Goler vir. Dëse Virsprong hu si bis an d'Paus op 8 ausgebaut (17:9). D'Fiiss hu sech wuel gewiert, mee méi wéi op 6 Goler koume si net erun. De Josip Ilic (6 Goler) an den Aldin Zekan (5) hunn am meeschte fir den HBD markéiert.

Diddeleng war dëse Weekend zwee Deeg hannertenee gefuerdert.
© Serge Olmo

Den HC Bierchem huet dëse Weekend en Deplacement a Montenegro hannert sech bruecht a reest mat engem 31:30 an der Täsch nees heem. Béid Ekippen hu sech iwwer 60 Minutten näischt geschenkt. Déi éischt Hallschent war Bierchem gréisstendeels vir an hat no 20 Minutte mat 13:10 den héchste Virsprong.

Nom Säitewiessel (15:14 fir Bierchem) huet Sutjeska bannent kuerzer Zäit de Spiiss ëmgedréint an d'Féierung iwwerholl. Och si ware kuerzzäiteg 3 Goler vir. D'Réiserbänner hu sech awer zeréckgekämpft an d'Féierung nees iwwerholl. An der leschter Minutt hate béid Ekippen nach jeeweils d'Chance op e weidere Gol.

Back to Top
CIM LOGO