Handball-ChampionnatDéifferdeng mat Big Points géint Bierchem

Yannick Glod
Käerjeng huet mat der Victoire géint Rëmeleng e wichtege Schratt Richtung Titel-Playoff gemaach. Bei den Damme gouf et Victoirë fir d'Favoritten.
© Val Wagner (Archiv)

Am Nodrosmatch vum drëtte Spilldag huet d'Red Boys Déifferdeng déi éischt Big Points agesäckelt an den direkte Konkurrent HC Bierchem mat 33:27 geklappt.

An Ofwiesenheet vum Raphael Guden hunn den Oscar Wener an den Amer Karamehmedovic Verantwortung am Réckraum iwwerholl. Et war och d'Erëmgesi vum neie Bierchemer Trainer Martin Hummel mat senger aler Ekipp. De fréieren Nationalspiller war am Mee als Co-Trainer nach Champion mat der Red Boys ginn.

D'Lokalekipp hat de bessere Start, mee no enger Véierelstonn huet Déifferdeng de Kommando an d'Féierung iwwerholl a gouf och vun engem staarke Golkipp Jarrar ënnerstëtzt. Kuerz virun der Paus hunn d'Gäscht mam Ilian Goedert hire Spillmaacher verluer. De Fransous gouf mat enger direkter rouder Kaart fir de Rescht vum Match ausgeschloss. Déifferdeng goung trotzdeem mat 19:16 an d'Kabinnen.

De Spillverlaf war an der zweeter Hallschent identesch wéi an der éischter: Bessere Start fir Bierchem, déi séier egaliséieren a souguer a Féierung goe konnten. Déifferdeng huet e bësse gebraucht, sech op déi nei Situatioun anzestellen, mee an der 45. Minutt hunn déi Rout d'Féierung nees iwwerholl (25:24) an dës bis zum Schluss net méi ofginn. Hir maximal Avance louch bei 7 Goler.

D'Resultat spigelt d'Kräfteverhältnisser an d'Chancen am Match awer net ganz erëm.

No der Victoire virun 8 Deeg géint Dikrech hätt d'Esperance Rëmeleng noleeë kënnen, muss um Enn awer mat 28:36 de Kierzere géint den HB Käerjeng zéien. Domat bleiwen d'Käerjenger och am drëtte Match ongeschloen.

Et war kee schéine Match, dee béid Ekippen den Zuschauer gebueden hunn. Op deenen zwou Säite goufen et vill technesch Feeler. Rëmeleng hat wuel de besseren Ufank, mee no 20 Minutte konnte sech déi Gréng mat maximal 5 Goler ofsetzen. An der Paus stoung et 19:16 fir d'Gäscht.

Käerjeng huet säi Virsprong am zweeten Duerchgang clever geréiert an huet Rëmeleng ni op méi wéi 4 Goler erukomme gelooss. Domat geet d'Victoire och verdéngt un dem Pascal Schuster seng Ekipp, bei där de Jacques Tironzelli, den Ognjen Jokic an de Yanis Riggio jeeweils 6 Mol getraff hunn. Den Daniel Elting konnt fir d'Hornets och 6 Goler werfen.

Den HB Diddeleng huet sech op en Neits méi schwéier gedoe wéi erwaart. D'Resultat vu 37:30 géint de Chev Dikrech ass um Enn souverän, et war awer eng Hallschent laang haart Aarbecht. Déi éischt 30 Minutten hunn d'Gäscht aus dem Norde gutt matgehalen, well beim Säitewiessel stoung et 18:16 fir d'Fiiss. An der zweeter Hallschent sinn d'Bee vun den Dikrecher méi schwéier ginn a sou konnt den HBD säi Virsprong kontinuéierlech ausbauen.

Well den HB Esch dëse Weekend zwee Matcher am European Cup spillt, gouf de Championnatsmatch schonn en Dënschdeg gespillt. Hei hu sech déi Schwaarz-Wäiss in extremis 32:31 géint den HC Standard behaapt. D'Stater hunn op en Neits ënner Beweis gestallt, dass si déi véier éischt Ekippen aus der Liga a Schwieregkeete brénge kënnen.

An der Mëtt vun der éischter Hallschent hat Esch eng däitlech Avance vu 5 Goler (11:6), duerch en 3:0-Laf konnten d'Gäscht bis an d'Paus awer nach ophuelen (15:12). An der 50. Minutt louch d'Lokalekipp nees 5 Goler vir (28:23), mee duerno war iergendwéi de Wuerm dran an de Standard huet an der 58. Minutt fir d'éischt ausgeglach, fir kuerz drop souguer a Féierung ze goen (31:30). Nom Escher Ausgläich huet den Trivic ze fréi an ze onplazéiert op den Escher Gol geworf. Den Neizougang Cabral huet doropshin de wäite Ball vu sengem Golkipp kuerz virum Schlusssignal nach am géigneresche Gol ënnerbruecht.


________________________________________________

Dammen

Déi dräi Aspiranten op den Titel hu sech um drëtte Spilldag keng Bléisst ginn. Käerjeng an Diddeleng sti mat jeeweils 6:0 Punkten un der Tabellespëtzt.

D'Diddelenger Fiiss hu sech souverän mat 26:19 beim HB Museldall duerchgesat. D'Gäscht haten de Match vun Ufank un ënner Kontroll a louchen an der Paus 12:7 vir. D'Avance ass am zweeten Duerchgang op maximal 7 Goler ugewuess. D'Sarah Kupke huet mat 8 Goler fir hir Faarwen am beschten opgeluecht. D'Dana Boes huet fir de Museldall 7 Mol markéiert.

Viregt Woch hat sech d'Laura Ciufoli an de leschte Minutte vum Match géint Déifferdeng schwéier um Knéi blesséiert. Elo steet fest, dass sech d'Nationalspillerin e Kräizband gerass huet an domat fir de Rescht vun der Saison ausfält. Dat huet net nëmmen Auswierkungen op den HBD, mee och op d'Campagne vun der Nationalekipp am Oktober. Den Trainer Mikel Molitor huet e grousse Kader zur Verfügung a wëll den Ausfall vun der jonker Réckraumspillerin sou opfänken.

De Coupegewënner Käerjeng huet de Chev Dikrech um Enn däitlech 33:21 iwwerrullt. Dobäi hat et bis an d'Paus (16:12) no engem gudde Resultat fir den Opsteiger aus dem Norden ausgesinn. Mat engem 6:1-Laf nom Säitewiessel huet Käerjeng de Grondstee fir d'Victoire geluecht. Dikrech blouf tëscht der 37. a 50. Minutt ouni Gol.

No der däitlecher Néierlag lescht Woch zu Diddeleng huet d'Red Boys Déifferdeng den HC Standard no enger staarker Schlussphas mat 33:24 geklappt. 35 Minutte laang konnt sech keng Ekipp méi wéi 2 Goler ofsetzen, duerno huet sech Déifferdeng ëmmer méi ofgesat. An der 45. Minutt hate si 5 Goler Virsprong (26:21). Well dem Standard an de leschte 6 Minutte kee Gol méi gelongen ass, ass d'Resultat um Enn däitlech ausgefall.

Back to Top
CIM LOGO