Handball: Coupe AachtelsfinallenStandard wënnt Spëtzematch géint Rëmeleng, och Bierchem a Käerjeng weider

Kevin Kayser
Dräi Partië bei den Hären an eng bei den Damme gouf am Kader vun den Aachtelsfinalle vun der Coupe e Samschdeg gespillt.
© AFP (Archiv)

Bei den Häre stoungen e Samschdeg direkt dräi Partie vun den Aachtelsfinallen an der Coupe vum Programm. Et gouf mat Bierchem - Dikrech a Standard - Rëmeleng direkt zwee AXA-League-Dueller. Als eenzege Veräin aus der Promotioun war Leideleng am Asaz, d'Haie war zu Käerjeng gefuerdert. Bei den Damme war et en Promotiounsduell mat Schëffleng géint d'Entente Bieles/Péiteng.

Hären

HB Käerjeng - HB Leideleng 40:25

Käerjeng ass doheem als klore Favorit géint Leideleng an d'Partie gaangen, an huet an der direkter Ufanksphas dëst och probéiert, ze weisen. An den éischten 3 Minutte ware scho 7 Goler gefall, mam Score vun 4:3 fir d'Heemekipp. Dono huet d'Käerjeng an der Defense méi gemaach an huet sech lues awer sécher konnten ofsetzen. No enger véierel Stonn ware si 13:5 am Avantage a mam Score vun 21:11 goung et an d'Paus. Leideleng hat tëscht der 37. an 41. Minutt dunn eng gutt Phas. Si hu kee Gol selwer kasséiert an konnte selwer aus engem 25:14 e 25:18 maachen. Käerjeng huet sech dono awer nees gefaangen an ass zeréck an de Match komm. 10 Minutte viru Schluss ware se beim Stand vun 33:22 11 Goler am Virdeel a konnte dat bis zum Ofpëff nach op 40:25 setzen.

HC Bierchem - CHEV Dikrech 38:27

Mat véier Néierlagen aus véier Matcher ass Dikrech däitlech net als Favorit op Bierchem gaangen, grad och, well dësen Duell am Championnat viru knapp eng Mount ganz kloer un déi Réiserbänner gaangen ass. Déi Tendenz huet sech dann och an dëser Partie gewisen, well no sechs Minutte war Bierchem scho 4:1 vir. Dëst huet sech déi ganz éischt Hallschent duerchgezunn, bis et beim Score vun 18:11 an d'Paus goung. No Säitewiessel louch den Ecart laang tëscht 5 a 7 Goler a Bierchem konnt sech eréischt an der Schlussphas op 9 bis 10 Goler ofsetzen. Ofgepaff gouf d'Partei du beim Stand vun 38:27.

HC Standard - Esp. Rëmeleng 36:31

De Standard a Rëmeleng stounge sech dës Saison nach net géintiwwer, wäerten dofir awer direkt an den nächste siwen Deeg zwee Mol géinteneen untrieden, dëse Samschdeg an der Coupe an nächste Samschdeg am Championnat. An der Saison konnt Rëmeleng bis ewell ee vu véier Matcher gewannen, de Standard waart nach op déi éischt Punkten, obwuel si géint d'Spëtzenekippe an den éischte Matcher gutt mathale konnten.

D'Heemekipp huet besser an de Match fonnt hat sech séier e klengen Ecart erausgespillt. Ma beim Stand vun 5:1 fir de Standard sinn d'Gäscht erwächt a lues awer sécher an d'Partie komm, dat och duerch déi gutt Leeschtunge vum Vincent Schockmel. Den Ecart vum Standard ass ëmmer nees liicht geschmolt oder e bësse gewuess, ma sech richteg ofsetze konnte si, obwuel se iwwer laang Strecken déi besser taktesch an technesch Ekipp waren, net. Mat engem klengen Avantage vu 17:14 goung et dunn an d'Paus. Nom Pausentéi ass den Ecart laang änlech bliwwen, éier de Standard en op 6 Goler beim Stand vun 29:23 no 46 Minutte konnt ausbauen. De Standard huet an der Schlussphas vill gewiesselt, den Ecart sollt dorënner awer just e bësse leiden. Zum Schluss setze se sech verdéngt mat 36:31 duerch.

Dammen

HBC Schëffleng - Entente Bieles Péiteng 17:29

D'Championnat an der Promotioun bei den Dammen ass knapp un, mat engem respektiv zwee Matcher um Compte, a scho steet ee Coupematch virun der Dier. Laang konnt een net erausgesinn, wéi eng Ekipp sech hei duerchsetze kéint. No bal 23 Minutte stoung et nach 8:8 tëscht Schëffleng an der Entente Bieles/Péiteng. Ma bis zu der Paus hunn d'Gäscht op 13:8 erhéicht. Nom Säitewiessel ass d'Situatioun nach schlëmmer fir d'Heemekipp ginn, well si no 41 Minutten 10:20 am Réckstand waren. Deen Ecart huet sech d'Entente net méi huele gelooss an an de leschte bal 20 Minutten d'Avance nach just liicht op 29:17 ausgebaut.

________________________________________________

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Dammen

Back to Top
CIM LOGO