
Am Verglach mat deenen Deeg virdrun gouf et um Freideg um 4. Kompetitiounsdag déi mannste Medaile fir d'Lëtzebuerger. Et waren der 10.
1. Dag virum Enn vun de Spiller vun de klenge Länner steet Lëtzebuerg mat 26 Goldmedailen souverän un der Spëtzt vum Medaile-Spigel. Op der zweeter Plaz steet Island mat 19 Goldmedailen.
De Journal vun de Spiller vun de klenge Länner op der Tëlee:
Da Magazin vun de Spiller vun de klenge Länner um Radio: Mat ë.a. Reaktioune vun de Sportler an dem Touristeguide Edin Skenderovic.
E Freideg war et fir d'Liichtathleten dee leschten Dag vun de Kompetitiounen.
Iwwer 110 Meter Hécken huet de François Grailet sech d'Goldmedail geséchert. E Mëttwoch hat hien am Wäitsprong Gold ëm nëmmen 1 Zentimeter verpasst.
Bei den Dammen huet d'Lara Marx iwwer 100 Meter Hecken Sëlwer gewonnen.
Am Speerwerfen konnt sech den Tom Reuter genee wéi a San Marino iwwer Sëlwer freeën. De Lëtzebuerger huet mat 72,90 Meter seng perséinlech Beschtleeschtung ëm 1 Meter an 1 Zentimeter verbessert.
D'Anaïs Bauer huet no hirer Bronzmedail iwwer 100 Meter eng weider iwwer 200 Meter geséchert.
Eng drëtte Plaz gouf et och fir de Charel Gaspar am Héichsprong.
Ganz zum Schluss stounge bei de Liichtathlete wéi gewinnt d'Staffelen um Programm. Iwwer 4x100 Meter hu sech d'Damme Bronz geséchert. D'Häre sinn eidel aus gaangen, well ee Wiessel net geklappt huet.
An der 4x 400 Meter Staffel gouf et Sëlwer fir d'Dammen. Bei den Häre gouf et déi 4. Plaz.
Domadder kommen d'Liichtathleten um Enn op 19 Medailen a maachen de Schwëmmer keng schlecht Konkurrenz. Am erfollegräichste war d'Vera Hoffmann mat enger Gold an zwou Sëlwermedailen.
De Bob Bertemes huet iwwerdeems de Rekord vun de Spiller vun de klenge Länner mat 20,57 Meter am Bommstousse verbessert.

Hei konnt sech um Freideg d'Sylvie Nockels mam Loftgewier op der 10 Meter Distanz freeën. Si huet iwwerraschend Gold gewonnen.
Fir de Michel Katzenmeier war et déi 4. Plaz.
Schéinen Exploit gouf et fir den Duo Matthias Cloot / Petko Tunchev am Beachvolleyball. Nodeems een an der Halleffinall géint Zypern ganz knapp an 3 Sätz verluer huet, hu si sech e Freideg am Nomëtteg géint Monaco Bronz geséchert.

Nodeems et am Ufank vun der Woch zolidd gereent hat, ass mëttlerweil d'Sonn a Montenegro erauskomm an et kann Tennis gespillt ginn. E Freideg gouf et déi éischt Medail an dat am Dubbel Mixed fir den Ugo Nastasi an d'Eléonora Molinaro.
Fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun de Spiller vun de klenge Länner kéinten d'Lëtzebuerger Häre sech e Samschdeg d'Goldmedail sécheren. Nodeems ee sech e Freideg an engem richtege Krimi no Verlängerung mat 95:91 géint Zypern duerchgesat huet, bleiwen d'FLBB-Hären ongeschloen. E Samschdeg kënnt et géint Montenegro zum Duell ëm d'Goldmedail.

