
Staarken Optakt op der Schwammweltmeeschterschaft am 50 Meter Baseng zu Gwangju a Südkorea fir 2 Lëtzebuerger.
De Julien Henx an d’Monique Olivier hunn direkt 2 Lëtzebuerger Rekorden opgestallt. De Julien Henx schléit an de Serien iwwer 50 Meter Papillon an 23 Sekonnen an 91 Honnertstel un, a verbessert säi Rekord vun zejoert op de franséische Meeschterschaften ëm 5 Honnertstel. Um Enn gëtt den 24 Joer ale Sportzaldot den 22 ënnert 94 Konkurrenten.
D’Monique Olivier huet iwwer 400 Meter Crawl e Chrono vun 4 Minutten 14 Sekonnen an 29 Honnertstel realiséiert, a war domat 95 Honnertstel méi séier wéi bei der WM viru 4 Joer zu Kasan a Russland. Déi 21 Joer al Olivier klasséiert sech no de Serien als 22. ënnert 43 Konkurrentinnen.
Fir déi 2 ass et och dat bescht Klassement bis elo op enger Weltmeeschterschaft op deene Strecken.