Nowuesstalenter hunn zesummen trainéiert a sech mat anere gemooss
Fir dass d'Nowuessathleetinnen ouni Schoulstress trainéiere konnten, hat d'Liichtathletikfederatioun an der Chrëschtvakanz e Stage organiséiert.
Wärend der Chrëschtvakanz war d’Arena vun der d’Coque gutt gefëllt mat haaptsächlech jonke Liichtathleten a Liichtathletinnen. Si haten e Stage a kruten d’Geleeënheet, fir sech zum Schluss mat hiren Alterskolleegen am Kader vum Regiomeet ze vergläichen. Si konnten dann och nieft dem Patrizia van der Weken an dem Victoria Rausch trainéieren an um Regiomeet feststellen, wéi haarden a reegelméissegen Training seng Friichten dréit. D’Sportlerin vum Joer van der Weken ass hei op de 50 a 60 Meter en neien nationale Rekord vun internationalem Format gelaf.
Fir déi jonk Athlete sinn esou Virbiller motivéierend. Dofir probéiert d’Federatioun och, d’Jugend a grouss Evenementer wéi den internationalen Indoormeeting mat anzebannen.
An 2 Woche wäert sech dann erëm fir déi jonk Leit eng Geleeënheet bidden, fir sief et am Virprogramm vum groussen internationale Meeting aktiv matzemaachen oder eng Hand mat unzepaken. Den 21. Januar ass also a villen Hisiichten e wichtege Rendez-vous fir d’Frënn vun der Liichtathletik.
Beim internationale Meeting an der Coque sinn am Ganzen 150 Athleeten an Athleetinnen aus 34 Länner um Depart. Aus Lëtzebuerger Siicht sinn nieft dem Patrizia van der Weken och nach de Bob Bertemes, de François Grailet, d'Victoria Rausch, d'Charline Mathias, de Ruben Querinjean an de Vivien Henz um Depart.
Den CMCM-Meeting an der Coque kënnt Dir och am Livestream op RTL.lu suivéieren.
All d'Informatioune ronderëm de Meeting fannt Dir um offizielle Site.