De Lëtzebuerger Futtballprofi gouf och an zweeter Instanz wéinst haislecher Gewalt a Kierperverletzung schëlleg gesprach.

Am Appell gouf d'Urteel géint de Gerson Rodrigues quasi op alle Punkte confirméiert, dat krut RTL vun der Spriecherin vun der Justiz confirméiert. Beim penale Volet ass et bei der Strof aus éischter Instanz bliwwen. Um zivilrechtleche Plang huet eng Partie civile eng méi héich Indemnitéit zougesprach kritt.

De Futtball-Nationalspiller war am Mäerz zejoert wéinst haislecher Gewalt a Kierperverletzung zu enger Prisongsstrof op Sursis vun 18 Méint an zu enger Geldstrof verurteelt ginn. Et goufen däi Fäll vu Coups et blessures volontaires zeréckbehalen an eng Partie civile krut finanziell Indemnitéiten zougesprach.