
Och um drëtten Dag gouf et nees vill gutt Leeschtunge vun de Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinnen.
9 Mol stounge Lëtzebuerger ganz uewen um Podium. 7 Mol war et déi 2. Plaz an 8 Mol war et déi 3. Plaz.
Déi meeschte Medailen um drëtten Dag vun de Kompetitioune waren nees fir d'Schwëmmer.
De Raphaël Stacchiotti ass dës Editioun nees dee beschte Sportler aus dem Grand-Duché wat d'Medailen ugeet. Hien huet an 9 Courssen 8 Mol Gold gewonnen an 1 Mol Sëlwer.
De Schwëmmer kënnt elo a senger Karriär op 40 Goldmedailen. Hie war scho viru Montenegro den erfollegräichste Sportler vun allen Zäite bei de Spiller vun de klenge Länner.
De Journal vun de Spiller vun de klenge Länner op der Tëlee:
Da Magazin vun de Spiller vun de klenge Länner um Radio: Mat ë.a. Reaktioune vun de Sportler an dem Touristeguide Edin Skenderovic.
Gold: Raphaël Stacchiotti (50 Meter Réck, 400 Meter 4 Nages), Julien Henx (50 Meter Crawl, 50 Meter Papillon), Pit Brandenburger (200 Meter Crawl)
Sëlwer: Stacchiotti, Brandenburger, Henx, Fabiani (4x100 Meter 4 Nages), Sarah Rolko (50 Meter Réck), Monique Olivier (200 Meter Crawl)
Bronz: Joao Corneiro (400 Meter 4 Nages), Rolko, Peters, Albers, Olivier (4x100 Meter 4 Nages)
Um Enn gouf et 31 Medaile fir d'Lëtzebuerger. Den Erfollegräichste Sportler ass de Raphaël Stacchiotti mat 8 Goldmedailen an enger Sëlwermedail. Den erfollegräichste Sportler vun allen Zäite bei de Spiller vun de klenge Länner kënnt elo op 40 Goldmedailen.
Um Donneschdeg gouf et 2 Mol Gold duerch d'Vera Hoffmann an de Charel Grethen. Allebéid hu se iwwer 1500 Meter gewonnen.
D'Liichtathlete kommen een Dag virum Enn vun hire Kompetitiounen op 5 Goldmedailen.
Am Stafhéichsprong huet de Joé Seil Sëlwer gewonnen. Och d'Stéphanie Krumlovsky konnt sech iwwert déi zweete Plaz am Bommstousse freeën.
Fir d'Fanny Arendt gouf et dann nach Bronz iwwer 400 Meter.
Am Dubbel gouf et fir d'Lëtzebuerger Dammen Tessy Gonderinger an d'Egle Tamasauskaite Sëlwer a fir d'Hären Eric Glod a Gilles Michely war et Bronz.
Am Judo gouf et an der Ekippekompetitioun Bronz fir d'Hären. Fir d'Lëtzebuerger hunn den Tom Schmit, de Claudio Dos Santos an den Denis Barboni gekämpft.
D'Damme sinn eidel ausgaangen. D'Kim Eiden huet sech am Ufank vum Dag blesséiert.
De Jean-Marie Cirelli huet sech an der Finall Bronz geséchert. Fir de Joé Dondelinger war et déi enttäuschend 6 Plaz.
An der reng Lëtzebuerger Finall am Petanque huet sech d'Nathalie Demange mat 13:9 géint d'Indira Ongaro duerchgesat a sech d'Goldmedail am Eenzel geséchert. Fir d'Ongaro gouf et deemno Sëlwer.
Bei den Häre war de Claudio Contardi dee Beschten. Mam Massimo Santioni stoung nach ee weidere Lëtzebuerger um Podium. Hie war an der Halleffinall vum Contardi eliminéiert ginn. An der Partie ëm Bronz war hien dunn dem Bruno Santmann mat 13:7 iwwerleeën.
Am Boules Lyonnais huet sech de Gary Barone Bronz geséchert.

